shotshop.com

D’Gummimëschung an de Profil si bei Wanter- a Summerpneuen anescht.

Firwat ass de Wanterpneu bei naassen a kalen Temperature besser? Kann een am Summer och mat Wanterpneue fueren? De Mister Science erklärt:

Wanter a Summerpneuen ënnerscheeden sech an 2 Punkten: d’Gummimëschung an de Profil. D’Elastizitéit vu Gummi ass temperaturofhängeg. De Gummi am Summerpneu gëtt bei niddregen Temperature méi séier haart an da rutscht de Pneu op der Strooss. Am Wanterpneu ass dofir méi en héigen Undeel u Weichmacher an Kieselsaier an der Gummimëschung, fir dass de Pneu och nach elastesch bleift a gutt op der Strooss pecht, wann et kal ass.

Wat mengs du mat „kal“?

Ma et schwätzt ee vun der 7-Grad Grenz. Enner 7 Grad ass e Wanterpneu besser.

A wat ass dann den Ënnerscheed am Profil?

De Wanterpneu besteet aus eenzelne Bléck, an deene sou welleförmeg Rille sinn. Déi gi beim Fueren auserneegedréckt an d‘Kant vun de Rille bäisst dann an d’Uewerfläch vun der Strooss, wat bei Schnéi an Äis extra Gripp gëtt. Ee Wanterpneu huet bis zu 3000 där Rillen.

Wéi schlëmm ass et da wann een am Wanter mat Summerpneue fiert?

De Bremswee verlängert sech. Wann ee mat Summerpneue mat 80 km/h op Schnéi bremst kann een iwwer 30 Meter méi wäit rutsche wéi mat Wanterpneuen!

An am Summer matt Wanterpneue fueren?

Prinzipiell jo, mee duerch d’Hëtzt entsteet am Summer méi Reiwung tëscht der Strooss an dem Pneu, an e Wanterpneu notzt da méi séier of. Ausserdeem verbraucht den Auto méi Benzin.

Wéi ass et da mat All-Weather-Pneuen? Dat schéngt mer jo eng ideal Léisung.

Jein. Den All-Weather-Pneu huet däitlech manner Rille wéi de Wanterpneu an d’Gummimëschung ass och eng Mëttelléisung. Dëse Pneu ass praktesch a Länner, an deenen d’Temperaturënnerscheeder tëschent Summer a Wanter net sou grouss sinn.

Mee bei eis kann et jo awer scho mol ganz kal an och Schnéi ka ginn. Do ass ee mat richtege Wanterpneue wuel nach ëmmer am séchersten ënnerwee. Weider Informatiounen fannt dir wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Georges Thielen (Goodyear Innovation Center)
             Joseph Rodesch (FNR)
Photo © cristiborda/Shotshop.com

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Fuerschung zu Lëtzebuerg

De Goodyear Innovation Centre (GIC*L) zu Colmar-Bierg entwéckelt, baut an test nei Pneuen fir den europäeschen, asiateschen an afrikaneschen Maart. Iwwer 900 Ingenieuren, Wëssenschaftler an Techniker schaffen hei un neien Materialer a probéieren andauernd d’Qualitéit vum Gummi ze verbesseren. Als Spezialist fir Wanterpneuen leed de Georges Thielen hei den Winter Technology Program. www.goodyear.com

Aussi intéréssant

The Beauty of Slow Motion Comment le verre se brise-t-il ?

Les physiciens considèrent le verre comme l'un des matériaux les plus solides. Mais alors pourquoi dit-on « fragile com...

FNR
My research in 90 seconds How scientists use cold plasma to produce new materials inspired by mussels

Inspired by the remarkable adhesion properties of mussels, LIST’s scientists produced coatings for biomedical applicatio...

FNR
BlackCoat Un revêtement plus léger pour la réduction de la lumière parasite dans l’espace

Une technologie spatiale poids plume : au LIST, Naoufal Bahlawane développe un revêtement ultra-noir pour l’Agence spat...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR