Pixabay

Sequoia-Beem gehéieren zu deene gréisste Beem op der Welt

Mr Science, Mammutbeem (Sequoia) zielen zu de gréisste Beem. Se reechen deelweis bis wäit iwwer 100 Meter an den Himmel. Trotzdem halen se iergendwann op mat wuessen. Wisou eigentlech?

Eng eendeiteg Äntwert dorop gëtt et leider nach net. Beem brauche Luucht fir ze wuessen a strecken sech dofir der Sonn entgéint. D’Blieder oder d’Neel un der Bamspëtzt brauchen awer natierlech och Waasser. E puer Fuerscher mengen, dass d’Beem virun allem Waasser net onendlech wäit no uewen transportéiere kënnen. Dofir, mengen si, wuesse Beem net onbegrenzt an d’Luucht.

Wei funktionéiert dann dëse Waassertransport?

D’Beem huele Waasser mat hire Wuerzelen op. Dat muss da géint d’Schwéierkraaft an d’Kroun transportéiert ginn. Dat gëtt vun der Verdonstung ugedriwwen: Blieder an Nolen hu winzeg Lächer un der Surface, d’Stomata. Gi si opgemaach, evaporéiert Waasser -  et entsteet en Zoch, deen d’Waasser vun ënnen no uewen transportéiert.

An dat funktionéiert a grousser Héicht net méi?

Dovu ginn zumindest e puer Fuerscher aus. Virun e puer Joer hu Wëssenschaftler aus den USA Küstenmammutbeem ënnersicht. Se hunn eraus fonnt, dass d’Blieder oder Neel ab enger gewësser Héicht net méi genuch mat Waasser versuergt ginn. Se gi méi kleng. Doduerch liwweren se manner Nährstoffer un de Bam. Kuerz gesot: d’Käschte fir de Wuesstem si méi héich wei den Notzen.

Ab wei enger Héicht geschitt dat dann?

D’US-Fuerscher hunn fir Küstenmammutbeem eng Héicht vun 122 bis 130 Meter errechent. Tropenbeem schengen just 90 Meter héich ze ginn. Wisou dat sou ass, ass net bekannt.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch

Iwwersetzer: Sophie Steinmetz

Infobox

Mr Science op Eldoradio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. 

 

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Science meets Art BD scientifique : Les aventures de Tuwwo la molécule d’eau

Le projet « LUX:plorations » combine art et recherche : des artistes et scientifiques locaux ont créé huit bandes dessin...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Aussi dans cette rubrique

Onrouegt Mier Kann een d'Miereswellen als Energiequell benotzen?

An de Waasserwelle stécht eng gewalteg Portioun Energie. Wéi kënnt déi do dran a kann ee se och fir eis Zwecker benotzen?

FNR
Perseiden Wat si Stäreschnäizen?

Den Ament si vill Stäreschnäizen um Nuetshimmel ze gesinn – déi sougenannt Perseiden. Hu Stäreschnäizen eppes mat Stären ze dinn oder net? A firwat gesäit een der grad elo esou vill?

FNR
(On)endlech Wäit? Wësse mir elo endlech ob den Universum onendlech ass?

Wéi grouss ass eigentlech den Universum? Ass e villäicht souguer onendlech? A wéi eng Iddie ginn et iwwerhaapt zur Gestalt vum Weltall?

FNR