(C) science.lu

De grouse Baséng an der Coque huet d’Dimensioune vun enger olympescher Piscine, also 50 Meter laang, 25 Meter breet an 2 Meter déif. Fir déi 2 500 m3 ze fëllen, brauch een 2 500 000 Liter Wasser.

Mir solle jo all Daag 2 Liter Waasser drenken fir bei Gesondheet ze bleiwen. Wann ech also all Daag meng 2 Liter aus der Coque suckelen, da brauch ech iwwer 3 400 Joer fir se eidel ze kréien! Et kennen awer och 40 Leit zesummen hiert ganzt Liewen aus der Coque drenken. Mat enger Liewenserwardung vun 80 kréien se se dann zesummen eidel!

Bei esou vill Waasser muss een oppassen, dass een net ze séier drenkt! D’Waasser muss nämlech och duerch de Mo an de Verdauungssystem, a gëtt net vun enger Sekonn op di aner vun eisem Kierper opgeholl. Vun 300 ml, déi ee beieneen drenkt, gëtt d’Hallschent an enger knapper halwer Stonn verdaut. De Rescht brauch awer bis zu 2 Stonnen, fir verdaut ze ginn.

Also och wann een de Summer de géien Duuscht huet: net ze séier oder zevill beineen drenken! Soss kann een näämlech eng Waasservergëftung kréien! Eis Zellen an den Organer huelen dann zevill Waasser op, platzen iergendwann oder üben zevill Drock op Nerven oder Oderen aus. Dorënner leiden d’Organer natierlech. Wann d’Waasservergëftung dann net behandelt gëtt,  kann se zum Doud féieren!

Auteur: Corinne Kroemmer

Sources :

http://www.coque.lu/article/174

http://sweatscience.com/how-quickly-is-water-absorbed-after-you-drink-it/

http://chemistry.about.com/cs/5/f/blwaterintox.htm

Aussi intéréssant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR