Zerstéiert Alkohol wierklech Gehirzellen?

12.02.18

FNRImprimer cet article

Mr Science, et ass mer mol scho virkomm datt ech der e puer iwwert den Duuscht gedronk hunn, an duerno kräfteg ofgestierzt sinn. Den Dag duerno kann ech mech da nach knapps un eppes erënneren... Heescht dat datt den Alkohol vill vu menge Gehirzelle futti gemaach huet?

(Umierkung vun der Redaktioun: Desen Artikel gouf opgrond vu groussem Interesse den 19. Februar 2018 iwwerschafft, fir d'Thema méi ausféierlech ze behandelen.)

Dat gëtt dacks esou gesot, ma leschte wëssenschaftlechen Erkenntnisser no1,2,3 gi bei esou engem Ofstuerz nët, keng Gehirzelle futti -  zumindest net op direktem Wee a wann dat net reegelméisseg virkënnt wéi z.B. bei Alkoholiker. 

Mee firwat hunn ech dann dee Filmrëss den Dag duerno?

Wann s de dech no enger hefteger Feier net méi sou richteg un alles erënners, läit dat dorun datt den Alkohol d’Zesummenaarbecht tëscht de groen Zelle grëndlech ënnerbrach huet. Am Alkoholrausch kënnen d'Gehirzellen dann d’Informatiounen net méi richteg verschaffen. Doduerch reagéiere Besoffener och méi lues, si lallen an trëlle ronderëm – a kënnen sech am schlëmmste Fall u näischt méi erënneren.

Wéi stéiert den Alkohol dann d’Aarbecht vun de Gehirzellen?

D’Nervenzellen am Gehir sinn all matenee vernetzt. Si bilde laang "Spannenärm" aus mat deenen se mat aneren Nervenzellen a Kontakt kommen. Un de Kontaktplazen, déi heesche Synapsen, assuréiere chemesch Substanzen den Informatiounsaustausch. Duerch den Alkohol schëdden dës Zelle Botestoffer aus, déi dës Reaktioun un der Kontaktfläch bremsen, wouduerch d’Informatiounen net méi sou séier oder sou gutt weider ginn.

A wisou kann ech den nächsten Dag erëm kloer denken?

Wann de ophäls Alkohol ze drénken da baut de Kierper dat Gëft of an da kënnen d’Nervenzellen erëm normal Informatiounen austauschen.  Dat heescht awer lo net datt Alkoholkonsum onproblematesch ass. Et kann een ofhängeg ginn – an dat ka schlëmm kierperlech a psychesch Folgen hunn. Op deem Wee kann et dann - indirekt - och zu Schied un de Gehirzelle kommen.

Nach eng Fro: wouhier kënnt dann déi wäit verbreete Meenung, dass Alkohol Zelle killt? 

Ha, gutt Fro. Eng Theorie ass, dass dëst während der Prohibitioun an Amerika am Volleksmond verbreet gouf fir d’Leit dovun ofzeschrecken Alkohol ze drénken4.

An da gëtt et den Wernicke-Korsakoff-Syndrom bei Alkoholiker: Fuerscher hu beobacht, dass bei schwéieren Alkoholiker d’Gehirmass iwwer laang Zäit méi kleng gëtt. Dat ass allerdéngs bedéngt duerch indirekt Effekter vum Alkohol. Alkoholiker mat Wernicke-Korsakow-Syndrom entwéckelen zum Beispill schwéier Gediechtnes- a Koordinatiounsschwieregkeeten. Dës gi verursaacht duerch Vitamin-B1-Mangel, deen duerch de staarken Alkoholkonsum entsteet. Wéinst dem Vitamin-B1-Mangel gi Gehirzelle beschiedegt. D’Gediechtnes a Koordinatiounsschwieregkeete sinn also indirekt duerch de staarken Alkoholkonsum bedéngt5.

Mee och haut sinn d’Fuerscher sech net ganz eens, ob Alkohol dann elo wierklech keng Zelle futti mécht. Dëst huet engersäits domatter ze dinn, dass et aus legalen an ethesche Grënn schwéier ass dat virun allem bei Mënsche genau ze moossen. Et kann ee schlecht bei engem Mënsch virun an no staarkem Alkoholkonsum d’Zellen am Gehir zielen.

Op där anerer Säit ass et och wichteg tëscht Studien ze differenzéieren, déi d’Effekter vun Alkohol bei schwéieren Alkoholiker ënnersichen, bei net reegelméissegem ma akutem staarken Alkoholkonsum (sougenannte „binge drinking“) oder bei reegelméissegem awer nidderegem oder moderatem Alkoholkonsum. Hei kënnen d’Resultater ganz ënnerschiddlech sinn.

Dann ass mëttlerweil och bekannt, datt d’Gehir vun Erwuessenen nei Nervenzelle bilde kann. Ausschlaggebend ass schlussendlech, wat fir eng Effekter Alkoholkonsum laangfristeg op d’Gehirfunktioun huet. 

Zu gudder Lescht: Vill wëssenschaftlech Resultater baséieren op Déiereversich, oder Studien déi mat Erwuessene gemaach goufen. Bei Jugendlecher, deenen hiert Gehir nach am Gaang ass sech ze entwéckelen, kann och geleeëntleche staarken Alkoholkonsum méi staark laangfristeg negativ Effekter hunn6.

Dofir wéi scho gesot: alles a Moossen!

Auteur: scienceRELATIONS & Michèle Weber (FNR)
Editeur/Iwwersetzer: Joseph Rodesch
Desen Artikel gouf den 19. Februar 2018 aktualiséiert, fir méi ausféierlech op d'Fro ze äntwerten. 

Quellen

1. The biology behind alcohol-induced blackouts.
2. Ethanol Enhances Neurosteroidogenesis in Hippocampal Pyramidal Neurons by Paradoxical NMDA Receptor Activation
3. Do alcoholics drink their neurons away?
4. SciShow
5. Medline Plus
6. Behavioral and Brain Activity Indices of Cognitive Control Deficits in Binge Drinkers

 

Egalement dans cette rubrique

Firwat leeft engem Puppelchen am Bauch vun der Mamm d’Blutt net an de Kapp?

31.07.18 De Grond firwat d’Blutt sech an engem Erwuessene sengem Kapp staut ass well deem säin Häerz net fest genuch pompelt fir dass d’Blutt vum selwen erëm EROP an...> Lire l'article complet

Liichtplanzen: Kënnen iergendwann liichtend Beem Luuchten ersetzen?

13.06.18 „Eis Visioun ass et, eng Planz ze entwéckelen, déi als Bürosluucht benotzt gëtt“, doru gleeft e Fuerscher vum renomméierte Massachusetts Institute of Techno...> Lire l'article complet

Parkinson-Studie: Firwat maache Fuerscher aus Haut Gehir?

07.05.18 Fir u lieweg Gehirzellen erun ze kommen, ziichte Fuerscher dës aus Hautzellen, fir am Kader vun enger Etüde iwwer Parkinson drun ze fuerschen. > Lire l'article complet

Ginn et Déieren, déi net schlofe mussen?

26.03.18 Mr Science, dëse Weekend war ech esou groggi – ech hu bal nëmme geschlof. Iergendwéi ass dat jo och Zäitverschwendung.> Lire l'article complet

Gefillten Temperaturen: Wisou et dobaussen heiansdo méi kal schéngt, wéi et ass

28.02.18 D'Wiederprevisiounë ginn net nëmmen déi Temperaturen un, déi den Thermometer den Dag drop moosse wäert, mee dacks och déi gefillten Temperatur. Wat ass dat? > Lire l'article complet

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun ass vum 11. Oktober 2017. 


Sur le même sujet