Sophie Steinmetz

Orangen an Zitrounen enthale vill Vitamin C

Vitamin C ass eng Aart Alleskönner an eisem Kierper: en ënnerstëtzt d’Bluddbildung, suergt fir gesond Haut, Hoer an Zänn an en hëlleft eisen Immunzellen. Mee stëmmt et och, dass e géint Gripp an de Schnapp hëlleft?

Also Mr. Science: Wat ass drun? Solle mer all Dag Vitamin C konsomméieren?

Op dës Fro kann een eng kloer Äntwert ginn: Jo. Awer: mir brauchen dofir keng Pëllen, well duerch eng normal Ernährung kréie mer genuch dovun! Ouni géife mer no e puer Méint Skorbut kréien. Am Endstadium falen engem dann d’Zänn aus an et kann ee souguer u Vitamin C Mangel stierwen. Freier hu virun allem Séifuerer dorënner gelidden.

Wisou huet et grad si getraff?

Dës louch un der eensäiteger Ernährung op Séi. D’Matrousen hu missen op frësch Uebst a Geméis verzichten. An der Mëtt vum 18. Jorhonnert koum dunn en britesche Schëffsdokter op d’Iddi, dass Skorbut duerch e Mangel u Saier verursaacht gëtt, sou wei se an Esseg virkënnt.

Wat huet en du gemaach? Huet en de Matrousen Esseg ginn?

Genau. En wollt awer méi wéi nëmmen ee méiglecht Géigemëttel testen an huet déi un Skorbut erkrankte Matrousen a Gruppe vu jee 2 Versuchspersounen agedeelt. En huet domat deen éischte klinesche Versuch an der Medizinsgeschicht duerchgefouert. Si hunn entweder Esseg, en Elexéier vun engem aneren Dokter, Aapelwäin, Mierwaasser, Zitrusfriichten oder Schwiefelsaier kritt.

Schwiefelsaier?

En huet jo vermud, dass Saiermangel d’Ursaach vu Skorbut ass. Et schéngen awer all d’Matrousen de Versuch iwwerlieft ze hunn… D’Resultat war kloer: Orangen an Zitroune waren dat idealt Géigemëttel. Et huet dunn awer nach bis an d’30er Joere vum leschte Jorhonnert gedauert, bis Biochemiker erausfonnt hunn, dass net d’Saier, mee de Vitamin C an der Zitroun géint Skorbut hëlleft.

An hëlleft Vitamin C géint sou eppes harmloses wéi de Schnapp?

Mëttlerweil ass d’Produktioun vu Vitamin C zu enger Milliounenindustrie ginn an et gëtt als Allheelmëttel géint alles méigleches ugebueden. Säit der éischter Studie vum britesche Schëffsdokter goufe vill Studie mat dausende Versuchspersounen zur Wierkung vu Vitamin C duerchgefouert. D’Resultat ass eendeiteg: gesond Mensche brauche kee kënschtlech Vitamin C als Erkältungschutz. Bei kranke Mensche sinn d’Resultater net sou eendeiteg. Do mussen d’Fuerscher nach méi Studie maachen.

Vitamin C wärt d’Fuerscher also weider beschäftegen?

Jo, der Fuerschung ginn d’Froen ni aus. Dofir ass se jo sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Sophie Steinmetz

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.