Pixabay

D’Iddi wär e Seel vu 35.000 km vun engem geostationären Satellit erof ze loossen.

Mr. Science, wéi soll dat funktionéieren?

D’Weltraum-Visionäre stellen sech vir, en Seel vun engem Satellit op d’Äerd erof ze loossen. Dat misst vun engem geostationäre Satellit aus geschéien, also een, deen ëmmer op der selwechter Platz iwwer der Äerd steet. Un dësem Seel kéint dann en Lift erof an erop fueren, wat vill manner Energie kaschte géing, wéi d’Rakéiten am Moment. Et gëtt awer dobäi ee Problem. An deen ass iwwer 35.000 Kilometer laang: d’Seel.

Klengt alles zimlech fantastesch!

Éierlech gesot: Jo. Mee wann ee mol an d’Geschicht zeréck kuckt, kéint et jo villäicht dach iergendwann funktionéieren. Fiedem a Seeler begleeden d’Mënschheet scho säit der Steenzäit a goufen iwwer Joerdausende laang aus Naturfaseren hiergestallt.

An der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert hunn Ingenieuren d’Stolseel erfonnt: Et gouf aus laangen Dréit gedréint. Deemools war dat wierklech déi top Technologie, wann een dat mol esou soen duerf. An mir staune jo zum Beispill ëmmer nach iwwer Brécke wéi d’Golden Gate Bridge. Déi hänkt jo un zwee parallellen Drotseeler. All Seel besteet aus iwwer 27.000 eenzelen Dréit!

Beandrockend!

Jo, fannen ech och. D’Kabele sinn esou schwéier, si weien iwwer 12.000 Tonnen, dass se op der Platz produzéiert hu musse ginn.

Kéint een dann sou en Seel fir de Weltraumlift benotzen?

Dat wier leider esou schwéier, dass et no ronn 20km duerch säin eege Gewiicht ofräisse géing. D’Visionäre setzen also op ganz nei Seelmaterialien.

Wat kéim dofir a Fro?

Bio-Ingenieure kënne mëttlerweil kënstlech Spannefiedem mat Hëllef vu gentechnesch manipuléierte Bakterien hierstellen, déi 25mol sou stabil si wéi Stol. Mee fir en Weltraumlift geet et nach ëmmer net duer. Do setzen d’Visionären op Seeler aus Kuelestoff-Materialie wéi Graphen déi nach méi liicht a räissfest sinn. Dëst Material ass awer nach am Fuerschungsstadium.

Also gutt, alles huet mol kleng ugefaangen!

Genee, dofir bleift Fuerschung och ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Perseide 2023 Höhepunkt des sommerlichen Sternschnuppenregens

Die Perseiden können jedes Jahr im Juli und August beobachtet werden. Dieses Jahr sind die meisten Sternschnuppen zwisch...

FNR
SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT
Ultraleicht und extrem belastbar Entwicklung und Erprobung neuer Strukturen für Bauteile in der Luft- und Raumfahrt

Je schwerer ein Produkt für den Weltraum ist, desto teurer ist auch der Transport. Genau dort setzt das neue gemeinsame ...