© Pixabay

All d’Gewiichter weltwäit stame vun engem Urkilogramm of.

Mat engem Kilogramm kann een e Kilo Gromperen ofweien oder 21 Quadrillioune Silizium Atomer. Dat ass awer nëmmen eng ongeféier Zuel an dat mëscht d’Fuerscher geckeg!

Mr.Science, wisou ass et e Problem, dass een d’Zuel net op den Atom genee kennt?

Als éischt mol wëllen d’Fuerscher ëmmer alles ganz genee wëssen. Hei stécht awer nach méi dohannert. Op der ganzer Welt gëtt nämlech a Kilogramm gewien, allerdéngs weess kee ganz genee, wat en Kilogramm eigentlech ass.

Dat muss de mer elo erklären!

Fréier gouf net a Kilogramm gemoos. De Pond war zum Beispill immens verbreed. Just eng Kéier huet en 370 Gramm gewien, eng Kéier 560 oder iergendeppes dozwëschen, jee nodeems a wat fir engem Fürstentum ee grad wor. Mat dësem Chaos war 1875 Schluss!

Eng international Konferenz huet decidéiert de Kilogramm anzeféieren. D’Wëssenschaftler hunn dofir en knapp 4 Zentimeter héije Metallzylinder gebaut, deen als Urkilogramm bezeechent gëtt. Dovu goufe Kopië gemaach a weltwäit verdeelt, an duerno Kopië vu Kopië a sou weider.

All d’Gewiichter weltwäit stame vun dësem Urkilogramm of. Dofir ass en sou immens wäertvoll a lagert an der Géigend vu Paräis an engem Tresor. Mir hätten allerdéngs en risege Problem wann den Urkilogramm geklaut géing ginn oder en duerch eng Naturkatastroph zerstéiert géing ginn.    

Jo mee et gëtt dach iwwerall Kopien dovun?

Jo, fir den Akaf um Maart hätt et keng grouss Konsequenzen. Fir d’Wëssenschaftler awer schonns. Déi kennen sech nämlech net op Kopië verloossen, well all nach sou genee Kopie e bëssen anescht ass wéi d’Original. Dofir wëllen se de Kilogramm nei festleeën. An zwar onofhängeg vun engem reellen Objet.

Wéi soll dat goen?

Wann ee ganz genee weess, wéi vill Atomer vun engem bestëmmte Stoff an engem Kilo sinn, kann een dës Zuel opschreiwen. D’Fuerscher hunn sech fir Silizium entscheed, well een dat besonnesch reng produzéiere kann. Wann se also genee wëssen, wéi vill Silizium-Atomer engem Kilogramm entspriechen, kennen se och an Zukunft ëmmer rëm Gewiichter hierstellen déi exakt ee Kilogramm weien. Am Moment verzielen se sech awer nach ëmmer op 100 Milliounen Atomer em plus minus zwee.

Dat ass awer schonn zimlech genee!

Jo, hier Ziel ass awer, sech nëmmen nach em 1 Atom pro 100 Milliounen ze verzielen. D’Wëssenschaftler maache weltwäit ënnereneen eng Course, wat fir ee Labo dat als éischt packt!

Dat klengt no Héichleeschtungssport!

Dat kann een sou gesinn. Ob jiddefalls ass d’Fuerschung mindestens genee sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Des Sendung goung den 11. Februar 2016 iwwert d'Antenn. 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR