FNR

An dësem Experiment weise mir wéi ee gefrueren Seefeblose maache kann.

Waasser féiert bei 0°C – Fir datt Seefeblose fréiere brauch een, eiser Erfarung no, awer déif Minustemperature vun ënner -5°C, well de Prozess séier goe muss. Ausserdeem däerf net ze vill Wand sinn. Fir d’Blose gutt beobachten ze kënne bléist een d‘Seefeblosen direkt am Kontakt mat Schnéi oder Äis op.

Als Seefebloseléisung kann een einfach eng 50:50 Mëschung aus Waasser a Spüli huelen. Blose kann een z.B. mat engem Stréihallem maachen. Kleng Blose fréien iwwregens méi séier.

Fir gutt Fotoen ze maache knipst een am beschte moies fréi oder owes spéit géint d’Luucht.

Wann d’Seefeblosen net fréiere kann et doru leien datt d’Loft mat där mer d’Seefeblos opblosen ze waarm ass. Et muss e méiglechst vill kal Loft anootmen an dës direkt an d’Blos fëllen. Oder maacht d’ Blose mat enger Vëlospompel an engem Stréihallem.

Vill Spaass beim experimentéieren.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Melanie Reuter (FNR)

Aussi intéréssant

Geometrie Experimentéier mat engem Möbiusband aus Kaddospabeier

E Möbiusband ass eng zweedimensional Fläch, déi nëmmen eng Säit an eng Kant huet. Faszinéierend!

FNR
Creative Christmas Light up the nano-Christmas tree!

Let’s draw an electrical circuit with graphene nanotubes or conductive ink.

Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR

Aussi dans cette rubrique

Experiment Looss eng Käerz ënner Waasser brennen

Eng Käerz déi um Waasser schwëmmt kann ee mat engem Glas ënner d’Waasseruewerfläch drécken - ouni datt se ausgeet. Wéi dat geet gëss de hei gewuer.

FNR
Elektrostatik Beweeg Waasser ouni et ze beréieren – mat engem Loftballon

Mat engem opgeblosenen, elektrostatesch geluedene Loftballon kanns du e Waasserstral ganz liicht krëmmen.

FNR
Chrëschtdags-Experiment 2021 Mol op en Teller a looss deng Zeechnung lieweg ginn!

Mat engem „Whiteboard-Marker“ kanns Du dëse flotte Science-Trick probéieren.

FNR