IMAGO / Shutterstock

Laut enger Etude vum Sportwëssenschaftler Geir Jordet lande 75% vun all den Eelefmeter am Gol. Op der Foto: De Yann Sommer, deen den Eelefmeter vum Kylian Mbappé hällt.

De Kylian Mbappé huet gëschter den entscheedenden Eelefmeter verschoss. Ma wéi héich ass iwwerhaapt d'Wahrscheinlechkeet, dass de Ball rageet bei engem Eelefmeter? 

Laut enger Etude vum Sportwëssenschaftler Geir Jordet lande 75% vun all den Eelefmeter am Gol; 25% sinn also Feelschëss. Enner anerem, wëll e Golkipp mat sengem Kierper, sengen Äerm a Been scho gutt 20% vum Gol ofdecke kann. Ma d'Wahrscheinlechkeete fir e Goal veriéieren je nodeems wouhin ee schéisst an och ob een als éischten oder leschte schéisst, ob ee waard äer ee schéisst oder sech direkt fir en Eck entscheed... An desem Artikel presentéiere mer e puer Zuelen aus der statistescher Etude:

E Spiller kann also seng Chance vergréisseren, fir dass de Ball rageet?

Jo de Futtballist ka sou schéissen, datt de Golkipp keng Chance huet. Nämlech an deem e ganz fest lénks oder rechts präzis an den Eck schéisst, oder nach besser: héich uewen an den Eck. Do huet de Golkipp keng Chance ze reagéieren.

Wann et sou einfach ass, wisou schéisst dann net jiddereen sou?

Well ee sou e Risiko ageet, doniewent ze schéissen. An dëse Risiko ass méi grouss wann de Futtballist midd ass (oder no der Verlängerung souguer Krämp huet), oder opgereegt ass. Dofir sollen nëmme fit an nervestaark Futtballisten des Variant wielen.

A wat soll dann e Futtballist maachen, deen sech dëse präzise Konschtschoss net zoutraut?

Déi meescht entscheeden sech fir eng Säit. Sou zwéngen se de Golkipp dozou, sech schonns virum Schoss fir eng Säit ze decidéieren. Déi 0,3 bis 0,4 Sekonnen, déi de Ball vum Punkt bis iwwert d’Linn brauch, ginn och fir de beschte Golkipp net duer, fir op d’Schossrichtung ze reagéieren. Sprengt de Golkipp an de falschen Eck, geet souguer en net sou präzise Schoss an de Gol. Hei kënnt et natierlech immens op d’Täuschung beim Ulaf un.

Heiansdo schéisse Futtballer awer och einfach an d'Mëtt. Firwat mécht dat Sënn?

Ma statistesch gesi sprange laut enger Etude vum Sportwëssenschaftler Geir Jordet d'Golkippen a 50 % vun den Eelefmeter no riets, an 49 % no lénks a just an 1 % bleiwen se stoen. Ee Futtballist, deen an d'Mëtt schéisst, spekuléiert drop, datt de Golkipp sech fir en Eck decidéiert huet a relativ fréi dohi spréngt, sou datt en net méi reagéieren an einfach stoe bleiwe kann.

Ok. Ma da lount et sech jo bëssi Gedold als Golkipp ze hunn?

Jo, dat stëmmt. Wann e Golkipp sech fréi fir en Eck entscheet, hält e just 15,5 % vun den Eelefmeter. Wann en e bëssi méi laang waar, bis kuerz éier de Spiller schéisst, dann hält en zu 29,6 %. Iwwregens gëllt dat mat der Gedold och fir de Spiller: Wann hie sech schonns virum Schoss fir en Eck decidéiert, trëfft en zu 71,5 %. Wann hien awer waart bis de Golkipp sech entscheet huet, trëfft en zu 94,3 %.

Wéi ee Spiller soll dann als leschte schéissen?

Deen deen am beschten seng Nerve behält an sech de präzise Schoss zoutraut! Wëll d’Spannung geet wärend engem Eelefmeter ëmmer weider an d’Luucht. Statistesch gesi gëtt den éischten Eelefmeter zu 87 Prozent vu jiddwer Equipe verwandelt. Bis zum 4. Eelefmeter fält d'Statistik dann op 73 % Warscheinlechkeet. En aneren Trick wier iwwregens, beim Eelefter schéisse schwéier Schong unzedoen. Domat flitt de Ball méi séier. Dat géing d’Chance géint de Golkipp weider erhéije – an et ass souguer reegelkonform!

Puer weider Statistiken aus dem Geir Jordet senger Etude

Et ass besser héich ze schéisse wéi déif: Gëtt de Ball ënnert 1,22 Meter geschoss, geet en zu 71,9% ran, iwwer 1,22 Meter allerdéngs zu 89,7%.

Wann e Spiller weess dass mat sengem decisiven Eelefmeter d'Equipe kann aus der Competitioun rausfléien, dann trëfft e just zu 52%. Wann de Spiller awer weess datt säin decisiven Eelefmeter ka bedeiten, datt seng Equipe an déi nächst Ronn kënnt, trëfft en zu 94%.

Wa Spiller méi wéi 1,2 Sekonnen nom Paff waarden éier se schéissen, treffen se zu 77%. Wann se manner waarden, treffen se just zu 58%. Englesch Spiller hunn duerchschnëttlech just 0,28 Sekonne gewaart...

Auteuren: Jens Kube, Jean-Paul Bertemes (FNR)
Iwwersetzerin: Sophie Steinmetz

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 

 

Quellen

Greg Wood, Geir Jordet & Mark R Wilson (2015) On winning the " lottery " : psychological preparation for football penalty shoot-outs. Journal of Sports Sciences 33 (17), 1758-1765.

Aussi intéréssant

Olympesch Summerspiller zu Tokio Wéi vill Sport ass gutt fir eise Kierper?

Den 23. Juli fänken d'Olympesch Spiller a Japan un. Fir eng Medail ginn d'Athleten un hir Grenzen. Wat bedeit dat fir de...

FNR
Étude avec des coureurs L'amorti des chaussures comme facteur de risque possible pour les blessures en course à pied ?

Dans un projet de recherche commun, le LIH et le Decathlon SportsLab ont étudié la relation entre l'amortissement des ch...

LIH
Les réactions visuo-motrices au tennis de table Vitesse de réaction : c’est le cerveau qui fait la différence

Temps de réaction des pongistes : des scientifiques identifient les processus visuels dans le cerveau comme étant déterm...

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR