© Wikimedia

Faszinatioun Stärenhimmel

Den däischteren Nuetshimmel beschäftegt d'Fuerscher bis haut!

Mee Mr. Science, nuets ass et däischter, well d'Sonn ënnergaang ass!

Dat klengt fir den Ufank mol richteg. Nodeems allerdéngs d‘Spektiv am Joer 1608 erfonnt ginn ass, koumen den Astronomen Zweiwel un dëser Erklärung. Se hunn ëmmer méi wäit an de Weltall gekuckt a sinn zur Iwwerzeegung komm, dass d’Universum onendlech ass, mat onendlech ville Stären. An déi missten d’Nuecht eigentlech hell wei den Dag maachen!

Wéi soll dat goen?

Dat kann een sech gutt mat engem Bësch erklären. Ugeholl, et steet ee matzendran. Egal wouhin e kuckt, gesäit ee just Bamstämm. Et gesäit een net aus dem Bësch raus. Genee sou misst et mam Nuetshimmel sinn. Wann et am Universum onendlech vill Stäre gëtt, misst op all nach sou klengem Punkt um Nuetshimmel en Stär liichten an en sou Punkt fir Punkt an eng hell Surface verwandelen.

Jo mee déi meeschte Stäre liichten nëmme ganz schwaach!

Jo, mee déi onfassbar grouss Unzuel vu Stäre gläicht reng rechneresch hier schwaach Liichtkraaft rëm aus. Ganz, ganz vill Stëbskäre kennen och e grousse Koup maachen.

Also Mr. Science, wann een de Staubsauger ni upeekt, kann dat scho mol geschéie …

Bon, dat ass en anert Thema… Mee dee Stëbs deen am Weltall rondrëm flitt ass Tatsaach eng Léisung, un déi d’Astronomen dono geduecht hunn. Wann allerdéngs de Weltraumstëbs d’Luucht vun de Stäre schlécke géif, géif en sech ëmmer méi erhëtzen. Dat kennt ee vum Strand, wann de Sand an der Sonn gliddeg waarm gëtt. Am Weltall géif sech de Stëbs am Laf vun der Zäit op puer dausend Grad ophëtzen an da selwer ufänke mat liichten. Also ass dat och keng Erklärung…

Ok…

D’Astronomen hunn sech un dëser Fro honnerte vu Joeren d’Zänn ausgebass! Haut mengen se, d’Léisung am Alter vum Universum fonnt ze hunn. No den aktuellste Berechnungen ass et knapps 14 Milliarde Joer al.

Knapp ass jo léif gesoot…

Well d’Universum awer net onendlech al ass, konnt eis nach net d’Luucht vun alle Stären erreechen. Se ass nach um Wee fir bis bei eis. Mir gesinn nëmmen d’Stären an enger Kugel rondrëm eis. Dës ass zwar risegrouss, mee d’Luucht vun dëse Stäre geet net duer fir den Nuetshimmel hell wéi den Dag ze maachen. Nuets ass et also donkel, well d’Universum net säit enger Éiwegkeet mee réischt säit enger begrenzter Zäit existéiert!

Dorops muss ee mol kommen!

D’Wëssenschaft ass ëmmer fir en Iwwerraschung gutt. Dofir ass se jo sou spannend !

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia

Mee Mr. Science, nuets ass et däischter, well d'Sonn ënnergaang ass!

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Dës Sendung gouf den 05.05.2016 opgeholl. 

Aussi dans cette rubrique

Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch wichtegt Thema? Mr. Science, wat maachen “Duerchzochsfuerscher“?

Gin Tonic
Drénken amplaz (vum) Schnapp? Hëlleft Gin Tonic géint Heeschnapp?

Soubal d'Heeschnappsaison erëm ufänkt, maachen och erëm eng ganz Rei Rotschléi géint déi lästeg Allergie d'Ronn. Zum Beispill, dass Gin Tonic hëllefe soll. Mee stëmmt dat dann och?

FNR
Naturphenomer De gréisste Kalwaassergeysir vun der Welt ass an der Eifel

Bis zu 60 Meter héich sprëtzt de Geysir all 2 Stonnen zu Andernach. Wéi dëse funktionéiert a wou zu Lëtzebuerg et sou Phenomener ginn, gidd der an dëser Episode vum Pisa Wëssensmagazin gewuer.

FNR, RTL