FNR

Material 

  • Grouss transparent Schossel mat Waasser
  • Téiliicht 
  • Briquet oder Fixfeier 
  • E Glas 

Beschreiwung

Fänk d’Käerz un a looss se um Waasser schwammen. Stiech dann dat eidelt Glas mat der Ëffnung  no ënnen iwwer d’Käerz an d’Waasser an dréck et bis op de Buedem. Zéi dann d’Glas no e puer Sekonne lues erëm erop. Matt e bësse Geschéck misst d‘Käerz nach duerno brennen. 

Erklärung 

En “eidelt” Glas ass eigentlech guer net eidel, mee mat Loft gefëllt. Dës Loft bleift gefaangen, wann een e Glas d’ënnescht iewescht op d‘Waasser dréckt. An der Loft hu mer och Sauerstoff dran deen d’Käerz brauch fir ze verbrennen. Dëse Sauerstoff geet duer datt d’Käerz +/- 10 Sekonnen am Glas weiderbrennt (jee no Gréisst vum Glas). Duerno geet d’Käerz aus.  

Dacks geet d’Käerz awer aus wann een d’Glas rëm erauszitt, well de Waasserspiggel am Glas beim Experiment liicht no uewen klëmmt. Doduerch entsteet bei erauszéien ee klenge Loftzoch. 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Aussi dans cette rubrique

Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du kanns et esouguer selwer doheem maachen!

FNR
Elektrostatik Beweeg Waasser ouni et ze beréieren – mat engem Loftballon

Mat engem opgeblosenen, elektrostatesch geluedene Loftballon kanns du e Waasserstral ganz liicht krëmmen.

FNR
Chrëschtdags-Experiment 2021 Mol op en Teller a looss deng Zeechnung lieweg ginn!

Mat engem „Whiteboard-Marker“ kanns Du dëse flotte Science-Trick probéieren.

FNR