FNR

Video vum Experiment

Infobox

Material
  • Plastikstut
  • schwéiert Buch

Duerchféierung

Lee eng Plastikstut flaach op en Dësch, sou datt d’Ëffnung vun der Tut iwwert de Bord vum Dësch erauskuckt. Lee dann e schwéiert Buch op d’Plastikstut drop, d’Buch soll awer net iwwert de Bord vum Dësch erauskucken. Lee deng Hand ronderëm d’Ëffnung vun der Tut a blos fest dran. Kriss du dat schwéiert Buch esou opgehuewen? Kanns Du eppes nach méi Schwéieres esou ophiewen?

Erklärung

Wann s Du an d’Tut bléis fëllt des sech mat ëmmer méi Loft, d’Tut deent sech aus sou wäit se kann an d’Loft gëtt an der Plastikstut gefaangen a kompriméiert. Den Drock vun dëser kompriméiert Loft ass staark genuch fir e schwéiert Buch (oder souguer nach méi schwéier Saachen) opzehiewen.   

Dat selwecht geschitt wann een z.B. Loft an d’Pneue vum Vëlo pompelt. Den Drock vun der Loft am Pneu ass esou staark, datt souguer e schwéiere Camion eleng duerch d’Loft a senge Pneue an der Luucht gehale gëtt.  

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Michèle Weber (FNR)
Musik: Tuesday by Sascha Ende (https://filmmusic.io/song/2992-tuesday, License: https://creativecommons.org/licenses/by/4.0/legalcode)

Aussi intéréssant

Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun eng...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Äiskal Wéi kritt ee Seefeblosen un d’fréieren ?

Wann et gutt kal dobaussen ass, kann ee wonnerbar Seefeblosen-Äiskristaller maachen.

FNR

Aussi dans cette rubrique

Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun engem Béierdeckel, vertosch?

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorées.

FNR
Hand
Bluttkreeslaf Visualiséier Däi Bols

Du hues däin Häerz vläicht schonn eemol schloe gespuert, awer hues Du et och scho schloe gesinn?

FNR