FNR

Hei de Video vum Experiment.

Infobox

Material
  • 2 Karaffen (alternativ: Fläschen oder Glieser)
  • Kartongs Flyer (alternativ: Béierdeckel oder änleches)
  • Plastikspärelen
  • Waasser

 

Duerchféierung

Huel 2 selwecht grouss Karaffen (alternativ: Fläschen oder Glieser) a fëll eng Karaff bis un de Rand mat Waasser. Fëll déi aner Karaff mat Plastikspärelen (och bis uewen hinner) a géiss e bësse Waasser dobäi. Huel dann e Flyer aus Kartong (oder z.B. e Béierdeckel) a lee deen op d'Karaff mam Waasser. Dréin d'Karaff mam Waasser ëm, ma pass op datt de Flyer fest um Glas pecht. Normalerweis misst du souguer d'Hand virsiichteg kënne lassloossen. Setz d'Karaff mam Flyer dann op déi aner Karaff drop an zéi ganz virsiichteg de Flyer eraus. 

Maach dëst Experiment am beschten dobaussen no, oder éierens wou et net schlëmm ass wann et e bëssi naass gëtt ;) Du kanns déi 2 Karaffen duerno och zesummepechen an se dann sou dacks wéi s de wëlls dréinen.

Erklärung

Déi kleng Pärelen aus Plastik hunn eng méi niddreg Dichte wéi Waasser. Alles wat eng méi niddreg Dichte huet wéi Waasser schwëmmt um Waasser, alles wat eng méi héich Dichte wéi Waasser huet geet ënner. Dofir beweegen se sech d'Plastikpärele vun ënnen vun no uewen, nodeems d'Kaart tëscht den zwou Karaffen erausgezu gëtt. Dichte ass Gewiicht pro definéierte Volume a gëtt a Gramm pro Kubikzentimeter ausgedréckt. An eisem Experiment heescht dat: wann een z.B. e Kubikzentimeter Plastiks-Pärelen hëlt an ee Kubikzentimeter Waasser, dann ass de Kubikzentimeter Plastik-Pärele méi liicht wéi de Kubikzentimeter Waasser.

Wëlls Du nach wësse firwat d'Kaart un der éischter Karaffe peche bleift, wann s De se ëmdréis? Dat kanns Du an dësem Experiment noliesen:

Tipp: Du kanns dëst Experiment och mat anere Pärele probéieren, z.B. Pärelen aus Holz oder aus Glas, oder probéier et och mol mat klenge Kiselsteng.

Wéi eng Materialer schwammen no uewen a wéi eng bleiwen ënnen?

D'Experiment kann een och mat 2 verschidde Flëssegkeete maachen, z.B. mat Esseg an Ueleg:

Vill Spaass beim Nomaachen! :)

Auteur: Michèle Weber (FNR), Melanie Reuter (FNR)
Video: Melanie Reuter (FNR)

Aussi intéréssant

Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR
Osmos Erschreck deng Matbewunner mat Ierbessen

Gedréchent Leguminosen (DE : Hülsenfrüchtler) quëllen op wann een se an d’Waasser leed. Mir weisen iech wéi een heimat s...

FNR
Experiment: Zongebatterie Wéi schmaacht elektresche Stroum?

Mat 2 verschidde Metaller kanns de op denger Zong en ongeféierlechen elektreschen Stroum schmaachen.

FNR

Aussi dans cette rubrique

Partytrick Balancéier eng Béchs

Aus enger (bal) eideler Béchs gëtt eng Ballerina déi sech am Krees dréint.

FNR
Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR
Osmos Erschreck deng Matbewunner mat Ierbessen

Gedréchent Leguminosen (DE : Hülsenfrüchtler) quëllen op wann een se an d’Waasser leed. Mir weisen iech wéi een heimat seng Matbewunner erschrecke kann.

FNR