Ëmweltschutz: Pabeier- oder Plastikstuten?

22.11.17

FNRDiesen Artikel drucken
Am Uebst a Geméisrayon huet een oft nach de Choix tëscht Pabeier oder Plastikstut. E Nolauschterer wollt vun dir wësse wat méi ëmweltfrëndlech ass. Mee wat ass méi ëmweltfrëndlech? Ass déi méi fragil Pabeiertut wierklech besser wéi déi aus Plastik?

Nee, Pabeiertute sinn net méi ëmweltfrëndlech ewéi Plastikstuten. Hier Produktioun verbraucht däitlech méi Energie, well ee fir sie besonnesch laang Pabeierfasere brauche fir stabil ze sinn. Hier Hierstellung brauch vill Energie, mee och Waasser a Chemikalien. Ausserdeem hu Pabeiertuten immens deck Wänn. Dat heescht: Héije Materialverbrauch an erëm méi en héijen Asaz vu Chemikalien, Waasser an Energie.

Wisou ass dann trotzdeem jidderee géint Plastikstuten?

Weltwäit gesinn, ass Plastik e grousse Problem, well en sou schlecht an der Natur ofgebaut gëtt. Vun de risege Plastikinselen an den Ozeanen hues de dach bestëmmt och schonns héieren. Do stierwe permanent Déieren, well se sech am Plastik verfänken oder de Plastik iessen, soumat an de Mo kréien an net méi ausscheede kennen.

D’Pabeiertut zersetzt sech däitlech méi séier, mee hei ass et vun den Inhaltsstoffer ofhängeg op se bei der Zersetzung der Natur dobäi schued. Chemikalien déi bei der Produktioun genotzt goufe gi jo bei der Zersetzung fräigesat.

A wat soll ech elo maachen?

Am beschte verzichts de op béides. Huel einfach déi gutt al Akafsposch aus Stoff, déi hiren Déngscht jorelaang mëscht, oder en grousse Rucksak. Domat schouns de d’Ëmwelt wierklech. An déi zerräissen der och net wanns de se ze vill beluets.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer : Sophie Steinmetz
Photo : Sophie Steinmetz

Auch in dieser Rubrik

Wéi funktionéiert en Fusiounskraaftwierk?

01.03.17 Niewent Wand, Sonn a Waasserkraaft soll an Zukunft Energie aus Kärfusioun benotzt gi fir Stroum ze generéieren. Wéi funktionéiert sou e Fusiounskraaftwierk? > Ganzen Artikel lesen

Wat ass den “Internet of Things” (a wat hu mer dovun)?

18.04.16 Eis Welt gëtt ëmmer méi vernetzt. An Zukunft sollen all eis Geräter matenee kommunizéiere kënne – an sou eis Liewe méi einfach a méi bëlleg maachen. > Ganzen Artikel lesen

Wat kënne “Wearables” iwwert eis soen?

14.10.15 Apple watch, Google Glass a Co. Déi meescht moossen domatt hir Fitness, mee do stécht awer méi dohanner... Mr Science, wat kënnen dës technesch Geräter iwwe...> Ganzen Artikel lesen

Ass Gentechnik geféierlech ?

28.05.15 Gentechnik ass an Europa nët beléiwt. An anere Regioune vun der Welt sinn se manner skeptesch. Wéi geféierlech ass Gentechnik dann elo ? > Ganzen Artikel lesen

Firwat gouf de Malaysia Fliger nach ëmmer net fonnt?

09.05.14 D’Sich nom Fliger aus Malaysia geet weider! Trotz moderner Technologie: Firwat as et sou schwéier eppes um Mieresbuedem erëmzefannen? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 22.11.2017 beäntwert. 


Verwandte Themen