© RTL & FNR

Blacklightshow mam Olivier Catani a Mr Science

E Géigestand gesäit een dann, wa Liicht drop fält, déi dann an eist Ae reflektéiert gëtt. UV Liicht gëtt och reflektéiert, mee eis Ae gesäit dës Stralen net. Et gi par konter Materialien, z.B. speziell Faarfpigmenter, déi UV Liicht a siichtbart Liicht transforméiere kënnen. En Deel vun der UV-Energie gëtt dobäi vun der spezieller Faarf gespäichert, an de Rescht, also Strale mat manner Energie gi reflektéiert, dës Virgäng si quasi ablécklech. Dës Materialien déi dëst kënne liichten dann am däischteren.

UV an der Natur

Verschidden Déieren, wéi Vigel kënnen d’UV stralen och direkt gesinn. D’Fiedere vu verschidden Aarten an deene schéinsten (onsiichtbaren) UV Faarwe gefierft. Verschidde Steng a Planze liichten och ënner UV Liicht.

Alldag

Onsiichtbar UV-aktiv Faarwe gi benotzt fir Geldschäiner ze zeechnen. A Wäschpolver fir wäiss Wäsch, ginn och UV-Aktiv Substanze bäigemëscht, fir datt déi wäiss Wäsch an der Sonn nach méi wäiss liicht.

Selwer zu engem Gespenst ginn

Eng Blacklightshow faszinéiert enorm, well ee ganz verreckt Effekter erziele kann. Heivir brauch een Minimum 2 Blacklight- Tüben, vill Schwaarze Stoff an natierlech Kleeder déi am däischtere liichte kënnen.

 Dëse Reportage gouf am Atelier Paradiso zu Beetebuerg gefilmt.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Merci: Mathieu Lebrun

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR