Researchers at School (virdrunn "Chercheurs à l'école" genannt) ass eng Initiative vum Fonds National de la Recherche (FNR) a bitt Schüler a Fuerscher d'Méiglechkeet, mateneen a Kontakt ze trieden. Engersäits fir datt sech d'Schüler e Bild dovu kënne maachen, wat Recherche bedeit an u wat Fuerscher hei am Land alles fuerschen. Anerersäits fir de Fuerscher eng Plattform ze ginn, wou se kënne mat jonke Leit interagéieren. D'Fuerscher verziele vun hirem Alldag an den Erausfuerderungen déi hire Beruff mat sech bréngt.
Dës Aktioun fënnt all Joer am Fréijoer statt. Eng Sessioun ka 50-90 Minutten daueren a kann an den normale Schoulstonnen oder no der Schoul ofgehale ginn. Dës interaktiv Sessioune riichte sich virun allem u Schüler ab 16 Joer.
Wéi kann een sech aschreiwen?
D'Editioun 2024 ass vum 11. bis de 15. Mäerz.
D'Schoulklasse kënnen sech nach bis den 20. Dezember 2023 ënnert dësem Link aschreiwen.
Méi Informatiounen dozou fënns du am Aschreiwungsformulaire.
Nach Froen? Da schreif eis eng E-mail op chercheursecole@fnr.lu
Du wëlls nach méi iwwer "Researchers at School" gewuer ginn? Da kuck dir dëse Video un:
Video: Jean-Paul Bertemes (FNR), MOAST
Redaktioun: Melanie Reuter (FNR)