Chimie am Iessen: Wéi een aus Kachfleesch en zaarte Steak mécht

09.01.17

FNRDiesen Artikel drucken

Mat Hëllef vun engem "Fleeschpech" kann een aus all Stéck Fleesch e leckere Steak zauberen. 

Et hëlt een e Stéck Kachfleesch; et schneit een all d’Seenen an d’Fett eraus a pecht duerno déi kleng Stécker erëm zu engem zaarte Steak zesummen. Dat klengt onrealistesch mee et gëtt gemaach: an der Industrie fir méi vun dem beléiften Steakfleesch ze maachen, awer och vu Stärekäch fir extra Fleeschkreatiounen ze zauberen.

Wat ass dëse Fleeschpech? Wéi funktionéiert en? Ass dat schiedlech Fleesch ze pechen?

All dës Froen, an nach e puer méi, ginn am Mr Science Video beäntwert.

Fleesch pechen ass net sou einfach an et brauch e bëssen Übung bis et klappt. D’Resultat schmaacht awer erstaunlech gutt. Bei d'Enzympolver ginn nämlech nach allerlee Gewierzer bäigemëscht, an sou gëtt d’Fleesch zousätzlech marinéiert.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL

 

Auch in dieser Rubrik

Wéi, a wéi vill soll een en Haus isoléieren?

26.11.17 Wann et bausse richteg kal ass, verléieren net isoléiert Haiser richteg vill Energie! Mee wéi verhënnert een dat am beschten, ouni mat Schimmel geplot ze gi...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee buerféiss iwwer gliddeg Kuelen goen ouni sech ze verletzen?

22.10.17 Säit dausende Joren gi Mënschen bei reliéisen Zeremonien iwwer Kuelen fir sech ze rengegen oder sech ze befreien. Mee ass et méiglech iwwert d’Kuelebett ze ...> Ganzen Artikel lesen

Physik vum Vëlo: Firwat een net riicht aus fuere kann!

03.07.17 Riicht aus fueren um Vëlo kann dach jiddereen, oder?!? – Dat géif ee menge mee et ass quasi onméiglech! > Ganzen Artikel lesen

Looping mam Fliger: Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

02.05.17 Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet. > Ganzen Artikel lesen

Fotoexperimenter: de Mr Science bréngt Liicht an d’Däischter

06.02.17 Magnesiumblëtz, Camera Obscura a Light Graffiti. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 08/01/17 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu