Firwat ännert de Radioempfang wann ech mech am Raum beweegen?

13.02.13

FNRDiesen Artikel drucken

Dëse Phänomen mierkt een nëmmen wann de Radio e schlechten Empfang huet. Ausserdeem mierkt een dat och nëmme bei engem Radio matt enger Antenn.

A wa mir eis elo nieft dem Radio matt Antenn bewegen, da beaflossen mir den Empfang?

Jo, genee. Well eise Kierper haaptsächlech aus Waasser matt Salzer besteet, si mir elektresch Leitkierperen a kennen och d'elektromagnéitesch Radiowelle weiderleeden. Mir sinn also souzesoe mënschlech Antennen.

OK!  Mä firwat verännert mir dann all zweet Antenn de Radioempfang? Mir si jo net mam Radio verbonnen

Jo, mee grad esou wéi d'Radiosantenn kann de mënschleche Kierper Radiowellen empfänken a senden, e bësse sou wéi e Spigel. An da kann et virkommen dass däi Kierper Wellen zeréck un d’Radiosantenn schéckt déi scho vun do kommen … oder awer aner Wellen opfänkt déi dann ni bei der Radiosantenn ukommen. Dofir gëtt däin Empfang dann duercherneen.

Ma da kéint ee jo eigentlech och e Radio baue wou mir selwer d'Antenn wieren?
Bon, mir si leider zimlech schlecht Leitkierperen verglach mat enger richteger Radiosantenn an eisen Empfang schwankt immens vill. Mä d'Iddi ass awer guer net esou schlecht! E Schwäizer Designer hat eng ähnlech Iddi an huet en Teppech mat engem agebaute Radio entwéckelt wou de Mënsch d'Antenn ass. Kuck emol um Internetsite, ech hunn iech e Link drop gesat. De Problem ass eben just dass de den Empfang net gutt kanns kontrolléieren, du kriss also vill Gedauschs a kanns net wierklech Radio lauschteren.

Text: Corinne Kroemmer

Auch in dieser Rubrik

Wéi vill Fuerschung stécht an der Plooschter?

22.10.15 Wéini deet d’Ofzéie vu Plooschteren endlech net méi wéi? > Ganzen Artikel lesen

Héichuewen

24.08.15 De 24. August 1856 huet den Henry Bessemer de Prinzip vum Héichuewe fir d'éischt beschriwwen! Inoffiziell ass den Héichuewen awer schonn e bësse méi al... > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Glas?

18.06.15 Wat kann d’Glas vun der Zukunft? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Gore-Tex ?

27.11.14 Egal ob Sportsschung, Trëppelbox oder Reenjackett: Soubal mer de klenge schwaarz-goldege Gore-Tex Logo op engem Kleedungsstéck gesinn, gëtt et eis net nëmme...> Ganzen Artikel lesen

Wéinst wat huet de gebiertege Lëtzebuerger Jules Hoffmann den Nobelpräis kritt?

06.10.14 Nobelpräis an der Medezin: Haut goufen d'Gewënner bekannt. Vrun 3 Joer krut de Jules Hoffmann, gebuer zu Iechternach, dëse Präis. Fir wéi eng Entdeckung? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Sinn d'Welle geféierlech?

Frequenzen

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Fuerschung iwwert d'Grenzen eraus

Quellen

 

Verwandte Themen