(c) Liza Glesener

Wann et mech anzwousch bäisst, da krazen ech mech - dat hëlleft direkt! Mee firwat iwwerhaapt?

Majo, wann zum Beispill e Käfer dir iwwert den Aarm leeft da gi Rezepteren an der Haut duerch de Kontakt gereizt – se leeden dës Informatioun duerch d’Nervesystem un d’Gehir weider, dat verschafft se a seet dir: et bäisst. Wann's de lo de Käfer duerch Kraze lass gi bass, dann ass dee Reiz fort an d’Bäissen hält op.

A wann ech vun enger Moustique gepickt gouf? Dat bäisst dach nach vill méi an do krabbelt awer näischt méi rondrëm!

Nee, dat ass eng aner Zort Bass an do hëlleft Krazen och net wierklech. Op eng Moustique-Pick reagéiert däi Kierper liicht allergesch. Dobäi ginn ënner anerem Histaminen fräigesat, an déi bréngen d’Haut och un d’Bäissen. Do hëlleft awer éischter eng Antihistamin-Crème, an ass och besser fir deng Haut. Du wiers net deen éischten, deen sech sou eng Pick bis op d’Bludd opgekraazt hätt…

Wéi eekleg! Da krazen ech also besser net?

Jo an nee. Et gëtt vill Grënn firwat et bäisse kann, an deemno och keng Eenheetsléisung. Krazen ass awer deen éischte Reflex a geet oft och duer, fir dass ee sech besser fillt. Di gängegst Theorie seet, dass dat Gefill vu liichter Péng dat d’Krazen der bréngt, d’Gefill vum Bass ausschalt. D’Gehir kann di zwee Andréck net gläichzäiteg verschaffen.

Ech fannen dass Krazen awer och e richtege Plëséier ka sinn!

Jo, beim Kraze schéngt enger rezenter Etüd no och dem Gehir säi “Belounungszenter” aktivéiert ze ginn. An dëst géif dofir suergen, dass Krazen immens befriddegend ass.

So, muss du dech och kraze, säit mir hei schwätzen?

Ah, dat ass eng interessant Eegeschaft vum Krazen: et ass genau wéi d’Gaapsen ustiechend. Wa mer een sech kraze gesinn oder driwwer schwätzen, musse mir oft direkt selwer krazen.

Weider Infoen zum Krazen an der Infobox.

Auteur: Liza Glesener; Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Liza Glesener

Infobox

Interessant Faiten iwwert d’Krazen

  • Krazen deet ëm sou besser, wat de Bass méi staark ass
  • Krazen ass genau wéi d’Gaapsen ustiechend, wa mer ee sech kraze gesinn, iwwert d’Kraze schwätzen oder eppes gesinn, wat Bass ausléist, musse mir oft direkt selwer krazen
  • Et brauch ee sech net onbedéngt do ze kraze wou et bäisst fir dass et hëlleft
  • Et kann ee sech mat Hëllef vu sengem Spigelbild souguer sou uschmieren, dass et hëlleft, dee rietsen Aarm ze krazen och wann a Wierklechkeet dee lénke bäisst
  • Et deet besser, wa mir ons selwer kraze wéi wann een aneren et fir ons mécht
  • Krazen um Knéchel bréngt méi laang Plëséier wéi Krazen um Aarm oder um Réck
  • Wann ee bis emol ugefang huet mat Krazen, ass et oft schwéier opzehalen. Dat nennen d’Fuerscher den “itch-scratch-itch-cycle”, also den “Bäiss-Kraz-Bäiss-Zyklus” 
  • Et muss ee sech guer net kraze wann et bäisst; och pëtzen, schloen, Hëtzt oder e liichten Elektroschock hëllefen dogéint
E puer Theorie vum Bäissen a vum Krazen

Bass ass eng Sënneswahrnehmung. Genau wéi beim Kucken oder Schmaachen kritt d’Sënnesorgan, an dësem Fall d’Haut, eng Informatioun vu baussen a leet dës un den zentrale Nervesystem weider, fir dass se am Gehir verschafft a schlussendlech zu enger Wahrnehmung gëtt.

Intensitéits-Hypothees

Ganz laang hunn d’Wëssenschaftler geduecht, dass Bass a Péng  déi selwecht Wahrnehmung wieren: Bass wier eng liicht Péng, Péng wier eng staark Form vu Bass.

Allerdings schwätzen eng Rei Saachen do dergéint: et gëtt vill Zorte Péng déi net a Bass iwwerginn, wann se méi schwaach ginn, genau sou wéi e staarke Bass vill Problemer ka provozéieren, ouni jeemools a Péng iwwerzegoën. Bass spiert een nëmmen op der Haut an op der Schläimhaut, wougéint ee Péng och am Kierper ka spieren. Verschidde Substanzen huele Péng ewech mee ma Bass méi staark. En plus reagéire mir anescht op Péng an op Bass: Péng probéiere mer z’évitéieren – mir zéien zum Beispill den Aarm vun der waarmer Kachplack ewech; Bass verleet ons dozou, ons ze krazen.

Spezifizitéits- Hypothees

Ginn di zwou Wahrnehmungen also dach iwwert ganz verschidde Weeër an d’Gehir? Hunn se jeeweils e spezifeschen Nervesystem, mat eegene Rezepteren an eegenen Nervesträng?

Nodeems d’Fuerscher erausfonnt haten, dass wann een déi iewescht Hautschichten mat Histaminen oder och mat der apt benannter Juckboun excitéiert, dëst pure Bass ervirrifft, hunn se gemengt, et wier kee wäite Wee méi, fir sou ee spezifescht Netzwierk ze fannen.

Mee och do sinn se rëm op eng Kontradiktioun gestouss: vill vun der Aart Nervenzellen, déi d’Fuerscher schonn alleng mam Bass verbanne wollten, reagéiren och op Capsaicin, eng Substanz déi schonn a klengen Konzentratiounen staark Péng erbairifft. Also vläit keng spezifesch Rezepteren, mee eng spezifesch Weiderleedung?

Selektivitéits-Hypothees

Déi selwecht Nervenzellen kéinten dach theoretesch entweder op Péng oder op Bass reagéiren, mee d’Informatioun jee nodeem wou se am Kierper sëtzen op verschidde Weeër weiderleeden – déi eng leeden den Impuls als Péng weider, déi aner als Bass. Wann e klenge Beräich mat “Bass-Zellen” aktivéiert gëtt, spiere mer Bass. Wann ee gréissere Beräich mat “Péng-“ a “Bass-Zellen” aktivéiert gëtt, empfanne mer Péng, well Péng de Bass iwwerspillt.

Mee och déi Theorie hat hier Problemer. Wann de Bass duerch Histaminen komm ass, huet se plus ou moins gepasst, mee wann de Bass duerch d’Juckboun koum, goufen erëm eng ganz Rei komplett aner Nervenzellen aktiv an d’Informatioun ass iwwer komplett aner Nervesträng an d’Gehir gelaf.

D’Selektivitéits-Hypothees seet also lo dëst: et gëtt zwee Weeër, iwwert déi d’Impulser vum Bass an d’Gehir geleet ginn an een, deen d’Péng weiderleet. Wa mer ons krazen, blockéieren bestëmmt Nervenzellen déi Weeër vum Bass, mir spiren just liicht Péng a kee Bass méi. Rëm aner Nervenzellen kënnen awer dann nees d’Péng blockéieren, mir spiere rëm Bass, mir musse rëm krazen.

???-Hypothees
Och un der Selektivitéits-Hypothees gouf entretemps weidergeschafft. An d’Fuerscher hunn z.B. bei Experimenter mat Mais Rezepteren fonnt, déi wierklech just wann et bäisst an d’Spill kommen. Wann se dës ausschalten, z.B. mat Medikamenter, spiren d’Mais kee Bass méi. Bis mer also zum Bäissen a Kraze wierklech alles ganz genau wëssen, ass nach ee wäite Wee…

Haaptquell:
Carstens, E. & Akiyama, T. (ed.) (2014) Itch. Mechanisms and Treatment. Frontiers in Neuroscience. Boca Raton (FL): CRC Press; 2014. ISBN-13: 978-1-4665-0543-8
http://www.ncbi.nlm.nih.gov/books/NBK200931/

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Di meescht Leit associéieren Bäissen mat Moustique-Picken, Brennesselen, oder ganz einfach mat engem krazege Pullover oder ze vill enke Strëmp. Mee eng ganz Rei Mënschen bäisst et andauernd, well se Krankheeten hunn wéi Ekzema, verschidden Aarte vu Kriibs, Multipel Skleros oder well dat eent oder anert Organ seng Aarbecht net méi richteg mécht. Och beschiedegt Nervenzellen oder psychesch Problemer kënnen een zum Kraze bréngen.

Fir dës Leit ass awer Kraze keng Léisung an och déi oft géint Bass verschriwwen Antihistamin-Crèmen hu keng Wierkung. An Amerika gëtt et entretemps eng International Society for the Study of Itch (IFSI) an där Top-Fuerscher an Dokteren sech zesummegedo hunn, fir dem richteg schlëmme Bass a senger Heelung op d’Spuer ze kommen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt zwar net um Bäissen a Kraze gefuerscht, mee och hei interesséieren sech d’Wëssenschaftler ganz staark fir onst Nervesystem a säi Funktionnement.

Sou wëllt de Grupp fir kognitiv Neurowëssenschaften Liicht an d’Prozesser bréngen, déi mam Léieren ze dinn hunn (wéi mer d’Sprooch verschaffen, liesen, Gesiichter gesinn…) an notzen dofir deels och Techniken, wéi se an der Recherche zum Bass genotzt ginn, wéi z.B. fMRI (funktionell Magnéitresonanztomographie). Mat dëser Method kann ee Beräicher am Gehir, déi grad staark um Schaffe sinn, bildlech duerstellen.

Een anere Grupp huet sech op Krankheete spezialiséiert, déi ons Nerve futti maachen, z.B. Parkinson. De Fuerscher vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) ass et viru kuerzem gelongen, aus Stammzellen “geziichten” Nervenzellen an Mais z’implantéieren, déi sech bei deenen am Gehir etabléiere konnten a mat deenen aneren Nervenzellen zesumme geschafft hunn (Link op den Artikel). Wann ee bis ganz sécher ass, dass sou Implantater och no laanger Zäit keng negativ Niewewierkungen hunn, besteet d’Hoffnung, dass op dës Manéier Parkinson geheelt kéint ginn, andeems een déi ofgestuerwen Nervenzellen duerch neier ersetzt.

Auch interessant

Dissertation in drei Minuten Entzündung des Nervensystems: Parkinson-Forschung am Mini-Gehirn

Doktorandin Sònia Sabaté Soler arbeitet am LCSB an der Optimierung von 3D-Modellen des Mittelhirns und ist eine der Gewi...

Dissertation in drei Minuten Parkinson: mehr als nur eine Bewegungsstörung

Die Doktorandin Laure Pauly erforscht an der Uni Luxemburg das retrograde prozedurale Gedächtnis von Parkinson-Patienten...

Präklinische Modelle Personalisierte Krebsbehandlung mit Hilfe von Patienten-Avataren

Das LIH hat gemeinsam mit Forschungspartnern eine Sammlung patientenbasierter, präklinischer Hirntumormodelle angelegt, ...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR