(c) Zurijeta/Shutterstock

Gëtt et eng wëssenschaftlech Excuse fir hemmungslos ze naschelen?

Kichelcher, Stolle, Buche, Liefkuch, …. heiansdo ass et wierklech schwéier fir sech zeréckzehalen. Mee firwat hu mer eigentlech heiansdo sou fuerchtbar Loscht op Séisses a kennen dann einfach net widderstoen?

Do ginn et e puer nei Studien, déi weisen drop hinn, dass et e biologesche Grond dofir gëtt.

Dat klengt interessant! Gëss de eis elo eng biologesch Excuse fir hemmungslos ze naschelen?

Naja, dat Ganzt ass natierlech och eng Saach vu Gewunnecht an Iesskultur. Mee d’Studie weisen, dass eise Kierper Kuelenhydrater, am Beschten Zocker, brauch, fir e bestëmmte wichtegen Hormon hierzestellen, an zwar Serotonin! Serotonin ass eng Substanz an eisem Gehir, déi e ganze Koup Nerveprozesser kontrolléiert. E bëssen esou wéi den Tower um Fluchhafen! 

Dat heescht den „Tower“ an eisem Gehir brauch Zocker, fir d’Kontroll ze behalen?

Genee, du selwer brauchs awer eigentlech keen Zocker z’iessen! De Kierper kann dee selwer aus aner Kuelenhydrater hierstellen. Wann de Serotonin all verbraucht ass, da gëtt e ganze Prozess am Kierper ausgeléist, fir neien Serotonin hierzestellen! Dofir brauch de Kierper Zocker. Direkt Zocker iessen ass an deem Fall méi einfach fir de Kierper, da brauch en en net selwer ze maachen! Dofir gräife mir da sou gäer no de Kichelcher.

Ah! Et ginn dach och esou Diäten, wou’s de guer keng Kuelenhydrater ess, a keen Zocker! Dat ka jo da guer net funktionéieren!

Nee, net wierklech! Fréier oder spéider fälls de dann hemmungslos iwwer Séissegkeeten hier! Mee wann’s de dech richteg an ausgeglach erniers, dann hues de dee ganze Problem net, well däi Kierper ëmmer genuch Kuelenhydrater huet fir selwer Zocker ze produzéieren. Wann’s de da Loscht op eppes Séisses hues, dann ass et just eng Saach vu Gewunnecht!

Wann een also reegelméisseg bësse Kuelenhydrater ësst, dann huet ee keng Excuse, op mannst keng biologesch, fir hemmungslos ze naschelen! Weideres zu der Biologie vum Naschelen an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Zurijeta/Shutterstock

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 
Wéi genee gëtt Serotonin hirgestallt?

Serotonin spillt eng wichteg Roll am Gehir a muss dofir reegelméisseg noproduzéiert ginn. Verschidden Nahrungsmëttel enthalen zwar Serotonin, mee well deen net aus dem Blutt an d'Gehir kennt, ass e fir eis net brauchbar. Dofir muss eise Kierper Serotonin aus dem Bausteen Tryptophan bastelen. Tryptophan ass eng Aminosaier déi een a bal all Nahrungsmëttel fënnt, wann och a klenge Quantitéiten. No der Verdauung ass den Tryptophan och am Blutt, a muss en Transportmëttel huelen fir an d’Gehir ze kommen. Do ukomm, gëtt e benotzt fir Serotonin ze produzéieren an all eis Gehirprozesser ënner Kontroll ze halen!

D’Produktioun vu Serotonin gëtt duerch eis Ernährung kontrolléiert!

Egal wéi brauch een Tryptophan fir Serotonin hierzestellen. Well eise Kierper deen net selwer kann hierstellen, muss een also e Minimum u proteinhaltegen Nahrungsmëttel iessen. Wann een awer ze vill Proteinen ësst, dann erreecht een de Géigendeel an et verhënnert een d’Produktioun vu Serotonin.

Den Tryptophan brauch jo en Transporter fir vum Blutt an d’Gehir ze kommen, a wann ze vill aner Aminosaieren am Blutt sinn, da muss den Tryptophan ze laang waarde bis en en Taxi kritt! An esou laang kann am Gehir kee Serotonin produzéiert ginn.

Dat kann een awer verhënneren, wann ee gläichzäiteg Kuelenhydrater ësst! Duerch d’Kuelenhydrater geet den Insulinspigel am Blutt nämlech erop, an den Insulin féiert déi aner Aminosaieren an d’Muskelen, all ausser den Tryptophan! Hien ass also ganz eleng, kritt direkt en Taxi, an d’Gehir kann direkt Serotonin produzéieren!

Fuerschung iwwert d'Grenzen eraus

Serotonin kontrolléiert och aner Hormonen, wéi zum Beispill déi, déi eis nom Iessen e Gefill vu Sättegkeet a Befriddegung ginn. Ze wéineg oder ze vill Serotonin kennen also en Impakt op eis Iessgewunnechten hunn a spillen och a villen Iessstéierungen eng wichteg Roll, wéi zum Beispill Magersucht, Boulimie oder Friesssucht.

De „Wurtman Lab“ am „Massachusetts Institute of Technology“ (MIT) huet vun 1967 bis 2005 eng beandrockend Aarbecht geleescht, fir de Mechanismus vum Serotonin ze entschlësselen. Well Serotonin ee vun deenen eenzegen (wann net esou guer deen eenzegen) Hormon ass, dee mer bewosst duerch eis Ernierung kenne beaflossen, hunn hier Resultater vill dozou bäigedroen fir Iessstéierunge besser ze verstoen a virun allem besser kënnen ze behandelen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Hautdesdaags schaffen och e ganze Koup aner Fuerscher-Equipen un dësem Thema, well Iessstéierungen heefeg sinn an dacks jonk Leit betreffen.

Dass mer d’Produktioun vu Serotonin bewosst kennen duerch eis Ernierung beaflossen, ass eng grouss Erausfuerderung fir de Mënsch an interesséiert dofir ënner anerem Psychologen!

D’Fuerscher aus der Equipe „Self-Regulation and Health“ vun der Uni Lëtzebuerg beschäftegen sech genee mat esou Erausfuerderungen. Si probéieren zum Beispill den Impuls besser ze verstoen, deen eis dozou bréngt ze vill z’iessen obwuel mer schonn iwwergewiichteg sinn. Am Kontext vun Iessstéierungen huelen se och d’perséinlecht Verhältnis zum Iessen ënnert d’Lupp.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR