Freedefeier vun der Zukunft: Wäerten Dronen d’Freedefeier revolutionéieren?

21.06.18

FNRDiesen Artikel drucken

Souguer Erfindunge vun den ale Chinese wéi d’Freedefeier, ginn duerch modern Technologien ëmgekrempelt. Mr Science, wéi gesäit d’Freedefeier vun der Zukunft aus?

Eent ass sécher, do sinn och vill Baudeeler aus China mat bedeelegt. D’Freedefeier vun der Zukunft ass eng Aart Liichtspektakel mat honnerte vu fléienden Dronen, un deene staark LED-Liichtdiode drun hänken. Den Challenge heibäi ass et, déi vill Drone gläichzäiteg ze steieren. Dat muss am Virfeld mat vill Opwand programméiert ginn. Wann d’Dronen dann an der Loft sinn, kënne si hiert LED-Liicht a verschiddene Faarwe liichte loossen a komplizéiert Muster a Biller maachen. Sou LED-Lightshowe gi säit e puer Joer organiséiert. Den aktuelle Rekord läit bei 1374 Dronen, déi gläichzäiteg an der Loft waren.

Dat ass jo enorm!

Dat sees de gutt. Dëse Rekord gouf bei der Prouf fir d’Virbereedung vun der 1.Mee-Feier dëst Joer a China gebrach. Wéi et dunn eescht ginn ass, si vill Dronen ausgefall, wahrscheinlech wéinst Funkpannen duerch d’Handye vun de Spectateuren.

Sou LED-Drone-Showe kléngen impressionnant, mee hu si och den Zauber vum klassesche Freedefeier?

Tjo. Beim normalem Freedefeier gi mir natierlech an d’Zäit vu Prënzen a Kinneke versat, déi dobäi hier Räichtemer an den Himmel geballert hunn. Et muss awer jidderee fir sech entscheeden, wat ee méi schéi fënnt. Ech fannen déi zwee impressionnant. Drone- show mecht allerdéngs kee Kaméidi a kee Feinstëbs. Dat sinn also also 2 wichteg Virdeeler fir d’Déieren an d’Ëmwelt.

Ajo dat ass jo ëmmer eng kontrovers Diskussioun. Mee ech froe mech ëmmer, wéi Freedefeier-Kierper sou explodéiere kënnen, dass Häerzer oder Smileyen an den Himmel gezeechent ginn?

Dat ass vum Prinzip hier zimlech einfach. D’Freedefeier-Rakéit huet eng Dreifluedung, déi si als éischt emol erop schéisst. Gläichzäiteg brennt bannen eng Baguette of, eng Zort Zündschnouer. Wann déi de Kapp vun der Rakéit erreecht, explodéiert déi zweet Charge. Dora si kleng Bullen, mat verschidde Metallsalzer fir d’Faarwen, déi dann am Himmel verbrennen. Wann dës Bullen all am selwechten Ofstand zum Mëttelpunkt opgestallt sinn, da gesi mer déi klassesch ronn Form. Et kann een déi Liichtbullen am Freedefeier-Kierper awer och an Häerz oder Smileyform opstellen, dann zeechnen déi dat Muster an den Himmel. Eng aner Méiglechkeet ass et, déi eenzel Punkte vum Muster op verschidde Rakéiten ze verdeelen. Si sinn dann ëmmer mat enger identescher Dreifluedung gefëllt, fir déi gewënschten Héicht ze erreechen, éier si da synchron explodéieren. Dat muss alles op de Milligramm an d’Millisekonn ofgestëmmt sinn. An e puer Pyrotechniker experimentéieren elo och domat fir Freedefeier-Kierper vun Drone starten ze loossen.

Dat erméiglech jo nach ganz aner Saachen.

Jo, an dofir bleift och am Beräich Pyrotechnik d’Fuerschung spannend.

(Weider Infos zum Freedefeier an den Infoboxen: Ween huet d'Freedefeier erfonnt? Wéi ass et mat der Ëmweltbelaaschtung duerch Freedefeier? A wat kënnen Droneschwärm nach sou?)

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: (c) Wikimedia Commons, Preetam.choudhury

Auch in dieser Rubrik

Solarstroossen: Ersetzen an Zukunft Solarzellen de Makadamm op de Stroossen?

04.06.18 D’Iddi kléngt genial, mee ass se ëmsetzbar? An Zukunft soll de Stroossebelag net méi aus Makadamm mee aus Solarzelle bestoen, fir esou kënnen Energie ze gew...> Ganzen Artikel lesen

Wat maache mat eisem Knascht? Ab an de Weltraum domat – oder?

14.05.18 Mir produzéieren am Moment op der Äerd all Joer iwwer 1 Milliard Tonnen Offall, an et gëtt ëmmer méi. Wouhinner domat? > Ganzen Artikel lesen

Mikro-Dronen: Si mer gläich iwwerall vu fléiende Kameraen ëmginn?

19.04.18 Mikro-Dronen, sou kléng wéi Insekten, gëtt et a Science-Fiction Romaner säit bal honnert Joer. Elo gi se Realitéit! Mr. Science, wisou brauche mer sou kleng...> Ganzen Artikel lesen

Bitcoin a Co.: Zukünfteg Suen?

05.04.18 E puer Leit sinn domat steeräich ginn, vill schwätzen driwwer: mee wat daachen digital Suen wéi Bitcoin? Sinn et d’Suen aus der Zukunft oder nëmmen waarm Lo...> Ganzen Artikel lesen

Wat ass d’Zukunft vun den Elektroautoen?

04.12.17 Brécht eist Stroumnetz mat den Elektroautoen zesummen? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

all 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Sendung ass vum 21.06.2018.

D’Erfindung vum Freedefeier

Ëmweltbelaaschtung duerch Freedefeier

Wat kënnen Dronenschwäerm nach?


Verwandte Themen