Ginn et Déieren, déi net schlofe mussen?

26.03.18

FNRDiesen Artikel drucken
Mr Science, dëse Weekend war ech esou groggi – ech hu bal nëmme geschlof. Iergendwéi ass dat jo och Zäitverschwendung. E Nolauschtrer huet sech d’Fro gestallt ob et Déieren ginn, déi sech dat erspueren a guer net schlofen?

Ménge Recherche no, weess een dat nëmme vun eng Art Hai dee Longimanus heescht. Dee muss tatsächlech ni schlofen. Mee eigentlech misst ee soen: Deen duerf net schlofen, well e soss erstéckt.

Wisou dat dann?

Longimanus Haien ootmen, andeems se no vir schwammen a Waasser duerch hier oppe Schnëss an duerch d’Kiemen laanscht stréime loossen. Soubal se sech net méi beweegen, brécht de Waasserstroum of, an et kennt kee Sauerstoff méi an d’Blutt. Dofir hunn dës Haien, wa se a Fëschernetzer geroden, och keng Chance ze iwwerliewen.

Brauchen déi Longimanushaien da guer keng Paus fir ze raschten?

Dach, awer si raschten nëmmen a schwammen dobäi ganz reegelméisseg wéider. Schlofe kann een dat net nennen.

An all déi aner Déieren schlofen awer?

Jo, souwäit een dat weess, schlofen all aner Déieren. Bei munchen ass dat allerdéngs zimlech kuriéis. De Leeëndecker (däitsch: Mauersegler), e Villchen schléift a bestëmmte Phasë vum Schlof mat nëmmen enger Gehirhalschent. Déi aner Halschent bléift waakreg a kontrolléiert Muskelen an d’Perceptioun.

Dofir kennen dës Déieren dausende Kilometeren ouni Ënnerbriechung fléien. D’Schlofphasen, an deene béid Gehierhalschente schlofen, daueren nëmmen e puer Sekonnen. Déi ass sou kuerz, fir dass d’Déieren net ofstierzen.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Daisuke Tashiro via Wikimedia Commons

Auch in dieser Rubrik

Gefillten Temperaturen: Wisou et dobaussen heiansdo méi kal schéngt, wéi et ass

28.02.18 D'Wiederprevisiounë ginn net nëmmen déi Temperaturen un, déi den Thermometer den Dag drop moosse wäert, mee dacks och déi gefillten Temperatur. Wat ass dat? > Ganzen Artikel lesen

Zerstéiert Alkohol wierklech Gehirzellen?

12.02.18 E puer iwwert den Duuscht gedronk, an den Dag drop kaum nach Erënnerungen...heescht dat, datt vill Gehierzelle futti gaang sinn? > Ganzen Artikel lesen

Kënnen och Mënschen e Wanterschlof halen?

01.02.18 Kéisécker maachen et, Fliedermais och a Siweschléifer souwisou: Et gëtt vill Mamendéieren, déi e Wanterschlof halen. Wisou net och mir Mënschen? > Ganzen Artikel lesen

Wisou leeft engem d’Waasser am Mond zesummen, wann een eppes Leckeres gesäit?

21.11.17 D’Aen iesse mat, heescht et: Schonns beim Ubléck vun appetitlechem Iesse leeft eis d’Waasser am Mond zesummen. Firwat? > Ganzen Artikel lesen

Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

05.10.17 D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Aen Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aenreefer hier? A wat kann een dogéint maachen? > Ganzen Artikel lesen