(c) Armin Kübelbeck

Den 19. Juni 1783 kënnt den Apdikter Friedrich Sertürner op d’Welt. Nodeems Aarbechtskollegen eng nei planzlech Substanz am Opium entdeckt hunn, identifizéiert de Sertürner se als Morphium. Säit iwwer 200 Joer gëtt Morphium zanterhier op der ganzer Welt benotzt.

Als Schmäerzmëttel, nee?

Genee. D’Doktere verschreiwen et ëmmer nach als Medikament, an zwar well et quasi keng Niewewierkungen huet, dovun ofgesinn dass et ofhängeg mécht. Dofir ass Morphium och laang als Drog benotzt ginn, well et däi Schmäerzëmfanne verännert an euphoresch mécht. A well et dengem Kierper net allze vill schued, gouf Morphium och eng Zäitlaang als Entzéiungskur agesat, fir vu méi schiedlechen Droge lasszekommen.

Wéi ass de Sertürner dann iwwerhaapt drop komm, dass Morphium déi Wierkungen huet?

Andeems en Morphium u sengem Hond, an dono u sech selwer, ausprobéiert huet! Dat kléngt e bëssen almoudesch, mee trotz modernen Technike gëtt dat haut och nach esou gemaach. Mee natierlech a méi engem gereegelte Kader, während klineschen Tester, nodeems d’Medikament fir d’éischt am Labo, an dacks och op Déieren, getest ginn ass.

Ma da war de Sertürmer e motivéierten an engagéierte Fuerscher!

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch
Foto © Armin Kübelbeck

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR