Illusioun: Waasser leeft no uewen

23.01.18

FNRDiesen Artikel drucken

Ka Waasser géint d’Schwéierkraaft no uewe lafen? Nee! Et ass en Effekt deen ee just duerch d’Kamera gesäit oder mat engem Stroboskop.

Et huet mat zwou Frequenzen ze dinn. Emol hu mer d’Beliichtung vun der Kamera, déi mécht 50 eenzel Biller pro Sekonn, si beliicht also just all 50stel Sekonn emol fir kuerz Zäit. De Schlauch mam Waasser gëtt duerch eng Lautsprecherbox hin an hir beweegt, an dëst och ongeféier 50 mol pro Sekonn. Tëschen zwee Kamerabiller, mécht de Schlauch also emol eng komplett Beweegung hin an hier. Wieren d’Frequenze genee d’selwecht géif d’Kamera guer keng Beweegung vum Schlauch gesinn, mee well de Schlauch sech liicht méi lues beweegt (48 mol an der Sekonn), huet d’Kamera d’Impressioun, wéi wann de Schlauch sech lues hannerzeg beweegt.

Ähnlech Effekter beobacht een op der Tëlee bei Autosfelgen, oder dem Propeller vun engem Helikopter. Dës dréinen och scheinbar hannerrécks. Dëse Phenomen gëtt Stroboskopeffekt  genannt.

Ouni Kamera oder Stroboskop gesäit een den Effekt net. Et kann een awer d’Täscheluucht vum Smartphone an e Stroboskop verwandelen z.B. mat de App „Strobe light tachometer“

Dëse Reportage gouf am Atelier Paradiso zu Beetebuerg gefilmt.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Merci: Mathieu Lebrun

 

Auch in dieser Rubrik

Wéi funktionnéiert eng Kläranlag? De Mr Science schéckt eng Int duerch d'Kanalisatioun

22.04.16 Duck Race à la Mr Science: De Joseph schéckt séng Plastiks-Int op d'Rees duerch d'Kanalisatioun - eng Entdeckungstour duerch eng ënnerierdesch Welt. > Ganzen Artikel lesen

Logistik-Challenge: Mr Science vs Livreur

06.03.16 De Mr Science test op hien 33 Päck méi séier ausliwwere ka wéi d’Post. An dat ouni Computerënnerstëtzung. Den Challenge: Wie fënnt de beschte Wee? > Ganzen Artikel lesen

Dateklau - De Mr Science gëtt gehackt!

30.11.15 Wéi einfach ass et un engem seng perséinlech digital Daten ze komme wéi E-mailen, Surfgewunnechten, asw? Kënnen Hacker iwwert de WiFi an eise Computer abrie...> Ganzen Artikel lesen

Wéi funktionéiert den Touchscreen?

22.07.15 De Mr Science hëllt en Handy auserneen an erkläert ë.a. wisou ee mat engem Bläistëft en Touchscreen net bedénge kann. > Ganzen Artikel lesen

De Mr Science als Manga-Figur!

06.07.15 De Mr Science erkläert wéi 3D Printer funktionéieren a veréiwegt sech domat als Manga-Figur. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 21/01/18 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu