Kann een e Glas matt der Stëmm briechen?

15.06.15

FNRDiesen Artikel drucken

D'Operesängerinnen an de Comic'en kënne Glas zersangen - mee geet dat och a Wierklechkeet? - De Mr Science mécht den Test.

Glas ass méi stabil wéi ee mengt. An der Highspeedopnahm am Video gesäit een wéi staark Glas sech verformen kann ouni datt et brécht. Fir d'Glas un d'Schwéngen ze kréien, muss een genee d'Eegefrequenz vum Glas matt engem staarke Lautsprecher (am beschten en Horn-driver) aspillen. D'Eeegefrequenz moosst een andeem ee mam naasse Fanger iwwert de Glasrand fiert. Eng Smartphoneapp kann dobäi all déi technesch Geräter ersetzen. Eng App déi souwuel en Toun moossen wéi och generéieren kann ass folgend: ToneGenerator Ultra. Schléisst de Smartphone un e gudde Verstäerker matt Box un a stellt d'Glas sou virdrun datt d'Sortie vum Speaker genee den ieweschte Rand vum Glas trëfft.

Wann dir dëse Versuch nomaache wëllt - braucht der e méiglecht dënnt awer haart Glas. Wann een et matt der eegener Stëmm (ouni Verstäerker) wëll zersangen, muss een d'Glas uritzen - an dëst geet am beschten matt Glaspabeier.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktion: RTL

Auch in dieser Rubrik

Looping mam Fliger: Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

02.05.17 Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet. > Ganzen Artikel lesen

Fotoexperimenter: de Mr Science bréngt Liicht an d’Däischter

06.02.17 Magnesiumblëtz, Camera Obscura a Light Graffiti. > Ganzen Artikel lesen

Chimie am Iessen: Wéi een aus Kachfleesch en zaarte Steak mécht

09.01.17 Mat Hellef vun engem "Fleeschpech" kann een aus einfachem Fleesch e leckere Steak zauberen. > Ganzen Artikel lesen

Vitaminkiller an der Kichen

28.12.16 Matt Premièreschüler aus dem Wëltzer Lycée test de Mr Science, wéi eng Kichemethoden de Vitamin C am Geméis am beschte futti kréien. > Ganzen Artikel lesen

Eng kurios Flëssegkeet: fest a flësseg gläichzäiteg

27.08.16 Matt Kanner aus der Pimärschoul stellt de Mister Science eng Flëssegkeet hier, déi flësseg a fest gläichzaiteg ass. Et kann een dra versenken awer och drop ...> Ganzen Artikel lesen

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

De Pisa Wëssensmagazin kënnt ee mol de Mount op RTL Telé Lëtzebuerg.


Verwandte Themen