Liichtplanzen: Kënnen iergendwann liichtend Beem Luuchten ersetzen?

13.06.18

FNRDiesen Artikel drucken

„Eis Visioun ass et, eng Planz ze entwéckelen, déi als Bürosluucht benotzt gëtt“, doru gleeft e Fuerscher vum renomméierte Massachusetts Institute of Technology aus den USA.

Mr Science, wat genee huet de Spezialist da fir?

Du hues dat scho richteg verstanen: hie wëll Planze sou veränneren, dass mir se als Luuchte kënne benotzen. Egal ob elo als Zëmmerplanz fir de Büro, de Canapéseck, oder als Bam fir Owes d’Stroossen ze beliichten.

Dat kléngt jo no Alice im Wunderland: wéi soll dat da klappen?

D’selwecht wéi bei de Glühwiermecher. Déi kënne liichten, well si en Enzym produzéieren, dee passenderweis Luciferase genannt gouf.

Nom Luzifer, dem Moiesstär?

Genee. Wéinst deem geheimnisvolle Liichten. D’Luciferase erméiglecht dem Glühwiermchen et, fir Energie aus sengem Iessen a Liicht ëmzewandelen. Fir dass dat och Planze kënnen, huet de Fuerscher d‘Luciferase an di aner dofir néideg Moleküller op ganz kleng Nanopartikel gepak. Dunn huet hien eng Planz an eng Léisung mat dësen Nanopartikele geluecht, an huet de Behälter ënner Drock gesat. Doduerch sinn d’Nanopartikelen duerch reng Poren a Planzenblieder gewandert an hu Liicht produzéiert. Bis ewell konnt ee Planzen nëmmen duerch Gentechnik un d‘Liichte bréngen, andeems een de Gen vun der Luciferase an den Génome vun de Planzen agebaut huet. Dat ass awer e längere Prozess a klappt och net ëmmer.

Mat wéi enge Planzen huet de Fuerscher da seng Liicht-Experimenter gemaach?

Mat Brunnenkresse, Rucola, Spinat a gekrauseltem Kabes.

Et ass also éischter eppes fir de Geméisgaart, wann een Owes am Gaart schaffe wëll?

(laacht) D’Planze liichte bis elo nëmme ganz, ganz e bëssen. Fir dass och Beem liichte kënnen, proposéiert hien, dass d’Nanopartikel mat der Luciferase an deenen aneren néidege Moleküllen op d’Blieder vun de Beem gesprutzt ginn. D’Beem sollen d’Partikel da vum selwen ophuelen. Hien wëll dat Ganzt esou weider entwéckelen dass een dat nëmmen ee Mol maache muss, a se dann e puer Joer liichten.

Dee Fuerscher huet jiddefalls vill Fantasie!

Dat stëmmt. Mee ënnert anerem dowéinst bleift d’Fuerschung jo ëmmer esou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: Shotshop

Auch in dieser Rubrik

Parkinson-Studie: Firwat maache Fuerscher aus Haut Gehir?

07.05.18 Fir u lieweg Gehirzellen erun ze kommen, ziichte Fuerscher dës aus Hautzellen, fir am Kader vun enger Etüde iwwer Parkinson drun ze fuerschen. > Ganzen Artikel lesen

Ginn et Déieren, déi net schlofe mussen?

26.03.18 Mr Science, dëse Weekend war ech esou groggi – ech hu bal nëmme geschlof. Iergendwéi ass dat jo och Zäitverschwendung.> Ganzen Artikel lesen

Gefillten Temperaturen: Wisou et dobaussen heiansdo méi kal schéngt, wéi et ass

28.02.18 D'Wiederprevisiounë ginn net nëmmen déi Temperaturen un, déi den Thermometer den Dag drop moosse wäert, mee dacks och déi gefillten Temperatur. Wat ass dat? > Ganzen Artikel lesen

Zerstéiert Alkohol wierklech Gehirzellen?

12.02.18 E puer iwwert den Duuscht gedronk, an den Dag drop kaum nach Erënnerungen...heescht dat, datt vill Gehierzelle futti gaang sinn? > Ganzen Artikel lesen

Kënnen och Mënschen e Wanterschlof halen?

01.02.18 Kéisécker maachen et, Fliedermais och a Siweschléifer souwisou: Et gëtt vill Mamendéieren, déi e Wanterschlof halen. Wisou net och mir Mënschen? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

all 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Sendung ass vum 14.06.2018.

Biolumineszenz an der Natur

Liichte mat Bakterien

Nobelpräis fir Biolumineszenz