© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

De Mr Science test op hien 33 Päck méi séier ausliwwere ka wéi d’Post. An dat ouni Computerënnerstëtzung. Den Challenge: Wie fënnt de beschte Wee?

Den Test kléngt einfach – mee et ass eng mathematesch Erausfuerderung fir dee kierze Wee op 33 Adressen ze fannen. E Computer funktionéiert ganz anescht wéi mir an huet et bei sou Aufgabe wierklech net einfach. De Mr Science test op hien de Logistiksystem matt senger Liwwerung klappe kinnt.

D’Livreure sinn déi Spart déi am meeschte vun Optimiséierungsprogrammer profitéieren. Bei 5000-12000 Päck déi all Dag ausgeféiert musse ginn ass all Kilometer deen ee muss manner fueren ass besser fir d’Ëmwelt an natierlech och fir de Portemonni.

D’Chauffeure gi mëttlerweil automatesch op all hier Adresse guidéiert a kréien all hier Päck fäerdeg numeréiert. Dëst klengt einfach mee ass réischt duerch modern Fuerschung an der Mathematik an Informatik méiglech ginn. Et brauch ee sougenannten evolutiv Computerprogrammer. Dës ginn agesat am Fall wou et fir e Computer onméiglech ass all denkbar Méiglechkeeten auszerechnen. An dësem Beispill vun 33 Adressen huet e Computer nämlech theoretesch: 33! (faktoriell) Méiglechkeete vu Weeër déi en huele kinnt an dëst ass eng grouss Zuel: 8’000’000’000’000’000’000’000’000’000’000’000’000 Dës Zuel u Méiglechkeete kann och e séiere Computer quasi net bewältegen. Dëse mathematesche Problem heescht “traveling salesman” a gehéiert zu den onléisbare Problemer vun der Mathematik. E ka just approximativ geléist ginn.

Am Video gëtt erkläert wéi Evolutioun bei Computersoftware funktionéiert. De Mr Science ass nieft sengem Challenge op Visite bei Javier Martiez am interdisziplinäre Forschungszentrum SNT vun der Uni Lëtzebuerg.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir de Pisa Wëssensmagazin produzéiert deen 1-2 mol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg leeft.