Looping mam Fliger: Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

02.05.17

FNRDiesen Artikel drucken

Eng spektakulär Variatioun vum Mr Science sengem éischten Experiment wat en als Kand gemaach huet...

Et kann een en Eemer Waasser op d’Kopp halen ouni datt d’Waasser erausleeft, just andeems een et séier genuch dréint. D’Waasser ass dobäi allerdéngs just maximal ¼ Sekonn op der Kopp. Des Zäit wollt de Mr Science a sengem Experiment steigeren, an huet probéiert ob en Eemer Waasser an engem Fliger och während engem Looping net ausleeft.

Firwat kann d’Waasser am Eemer bleiwen?

Als Erkläerung gëtt dacks vun der sougenannter Zentrifugalkraaft geschwat. Ma méi korrekt ass, dass et sech em d'Auswierkung vun der Trägheet (Inertie) handelt.

D’Waasser ass eng Mass, an eng Mass déi a Beweegung kënnt, wëll dës Bewegung bäibehalen. Z.B. eng schwéier Eisekugel déi op engem ganz glate Buedem emol rullt, rullt esou laang weider bis se vun iergend eppes gebremst gëtt. Dëse Phänomen nennt sech Trägheet oder Inertie.

D’Waasser am Eemer beweegt sech an huet, wéi alles wat sech beweegt, Tendenz riicht aus ze goen, mee et gëtt vum Eemer an eng Kreesbeweegung forcéiert an ännert also permanent d’Richtung vu senger Bewegung, an zwar no där Säit wou den Zentrum läit. Den Eemer dréckt d’Waasser also dohin, an als Reaktioun dréckt d’Waasser widder den Eemer. Well dat an déi aner Richtung geschitt, also vum Zentrum ewech, gëtt dacks vun enger sougenannten Zentrifugalkraaft geschwat. Mee opgepasst, a Wierklechkeet ass et keng Kraaft. Et ass just d'Auswierkung vun der Trägheet!

D‘selwecht ass dat, wa mir op engem Karussell sinn. Mir fillen eis sou, wéi wa mer no bausse géife gezu ginn, mee a Wierklechkeet gi mer vum de Ketten oder de Staange vum Karussell zu der Mëtt vum Karussell hi gezunn. Ouni des tatsächlech existéierend Kraaft géing eise Kierper wéinst senger Trägheet riicht aus goen.

Klappt d'Experiment och mam Looping am Fliger?

Wat den Eemer méi séier op der Kreesbunn ass, wat d’Waasser méi fest an den Eemer "gedréckt" gëtt. Fir datt d’Experiment mam Looping am Fliger klappt, ass also d’Vitess mat där een de Looping flitt ganz entscheedend. An der Theorie klengt et machbar, mee op dat dann och a Wierklechkeet geklappt huet, dat gesitt dir am Video.

D’Experiment gouf mat Hëllef vun der LFTA realiséiert.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur : André Mousset
Produktioun: RTL

Auch in dieser Rubrik

Wéi, a wéi vill soll een en Haus isoléieren?

26.11.17 Wann et bausse richteg kal ass, verléieren net isoléiert Haiser richteg vill Energie! Mee wéi verhënnert een dat am beschten, ouni mat Schimmel geplot ze gi...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee buerféiss iwwer gliddeg Kuelen goen ouni sech ze verletzen?

22.10.17 Säit dausende Joren gi Mënschen bei reliéisen Zeremonien iwwer Kuelen fir sech ze rengegen oder sech ze befreien. Mee ass et méiglech iwwert d’Kuelebett ze ...> Ganzen Artikel lesen

Physik vum Vëlo: Firwat een net riicht aus fuere kann!

03.07.17 Riicht aus fueren um Vëlo kann dach jiddereen, oder?!? – Dat géif ee menge mee et ass quasi onméiglech! > Ganzen Artikel lesen

Fotoexperimenter: de Mr Science bréngt Liicht an d’Däischter

06.02.17 Magnesiumblëtz, Camera Obscura a Light Graffiti. > Ganzen Artikel lesen

Chimie am Iessen: Wéi een aus Kachfleesch en zaarte Steak mécht

09.01.17 Mat Hellef vun engem "Fleeschpech" kann een aus einfachem Fleesch e leckere Steak zauberen. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 30/04/17 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.

Verwandte Themen