Mënschlech Fäkalien: E Cocktail vu Nährstoffer an Energie mat reellem Wäert?

03.07.16

FNRDiesen Artikel drucken

Exkrementer d’Toilette erofspullen ass eng Verschwendung! Mr Science Experiment: Kann ee Sch... zu Gold maachen?

Den italienesche Kënschtler Piero Manzoni huet an engem Konschtprojet am Joer 1961 seng Exkrementer a blechen Dousen agefëllt an duerno zum Goldpräis verkaf. Dës blechen Douse ginn hautdesdaags souguer fir iwwer 100 000 € versteet. Hien huet also Sch... zu Gold gemaach.

De Mr Science sicht awer nom reelle Wäert vun eisem Offall. Mam Bauer Guy vun Alzeng diskutéiert hien iwwer Nährstoffer an der Koumëscht, a kuckt dann zesumme mat de Laboe vun der Asta (Administration des services techniques de l'agriculture) op Mënschemëscht sech genee sou gutt als Dünger fir d’Felder eegent. E weidere wichtegen Aspekt ass d’Energie déi nach an den Exkrementer stécht. Weder d’Béischten nach d’Mënschen huelen nämlech all d’Energie aus dem Iessen eraus.

Wéi vill Euro ass also eis Mëscht wäert? A wéi kinnt een iwwerhaapt d’Exkrementer halen?

Äntwerten op dës Froe kritt der am Video.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL 

Auch in dieser Rubrik

Beiewaben: Wéi a wisou baue Beie 6-eckeg ?

11.06.17 Si Beie villäicht super intelligent Architekten? Oder ass dës Form en Zoufall? > Ganzen Artikel lesen

Phytomining: Mat Planze Metaller aus dem Buedem zéien

28.11.16 Wéi zéie Planzen Metaller aus dem Buedem? A kann ee mat Planzen och Gold gewannen? De Mr Science ënnersicht Phytomining. > Ganzen Artikel lesen

Rouse fierwen - E Vältesdag-experiment

12.02.16 Wann ee keng faarweg Blummen huet, da kann een se fierwen - nee besser - et léist een d'Blummen sech selwer fierwen. De Mr Science gëtt Explikatiounen am Bl...> Ganzen Artikel lesen

Muskelen – Wat ass e Muskelkater?

28.05.15 De Mr Science weist eis wei e Muskel opgebaut ass, wat geschitt wann ee méi staark gëtt a léiert den Europameeschter am Gewiichthiewe kennen. > Ganzen Artikel lesen

Héichleeschtungssportler vs. Net Sportler

18.05.15 Wéi grouss sinn d’Ënnerscheeder tëscht eis an engem Héichleeschtungssportler? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert déi Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg kënnt.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu


Verwandte Themen