Mann vs Fra: Wien schwätzt méi laang, wien ënnerbrécht méi dacks?

03.04.17

FNRDiesen Artikel drucken

De Mr Science ënnersicht "Manterrupting" an ëffentlechen Debaten.

Den Therme Manterrupting ass 2015 fir d’éischt opgetaucht, a beschreift de Phenomen datt d’Fraen an ëffentlechen Debaten 2-3 mol méi oft vu Männer ënnerbrach gi wéi d’Männer vun de Fraen. Dëst weisen Analyse vu méi wéi 80 ëffentlechen Debaten1, wou genee sou vill Männer wéi Frae souzen. Männer schwätzen tendenziell och méi laang. Dat hunn och eisen eegenen Analyse vu Kloertextsendunge confirméiert.

Männer hunn an der Moyenne annerhallef mol méi laang geschwat wéi Fraen.

Am Mr Science Experiment wollte mer kucken op mer dat mat enger Schoulklass kënne reproduzéieren, an hunn 6 Jugendlecher aus dem Lycée du Nord vu Woltz - 3 Männer an 3 Fraen - an en Diskussiounsspill verwéckelt, ouni datt si wousste wat d’Ziel vum Experiment war.

De Rescht vun der Klass, déi net diskutéiert hunn, hu genee d’Schwätzzaiten an d’Ënnerbriechunge vun deene jeeweilege Kandidaten opgeschriwwen.

D’Resultat vun der Klass déi mir getest hunn, ass natierlech ganz individuell an huet keng wëssenschaftlech Aussookraft, mee huet eis trotzdem zimlech iwwerrascht. D’Resultater gitt dir am Video gewuer.

D’Spill, wat mer als Ophänkert fir eng Diskussioun geholl hunn, ass als NASA- Spill bekannt. (https://de.wikipedia.org/wiki/NASA-Weltraumspiel) an gëtt oft fir Team Building Aktivitéiten agesat.

1https://www.researchgate.net/publication/275005639_Influence_of_Communication_Partner's_Gender_on_Language

Auteur a Réalisateur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL

Auch in dieser Rubrik

Iwwert d’Musel mam selwer gebastelte Pedalo

28.09.17 Wéi baut een e Boot wat schwëmmt, a wéi propper ass eis Musel? > Ganzen Artikel lesen

Stressmoossungen: Wéi vill kann ee Schüler stressen?

05.03.17 Ass e méiglech fir Schüler an enger Schoulstonn op de selwechte Stressniveau ze kréie wéi e Fallschiermsprénger virun engem Sprong? > Ganzen Artikel lesen

Wéi kann ee virum Gestank vum eegene Fascht fortlafen?

17.11.16 Wann een ee während dem Goe fascht, dann ass et wéi wann de Gestank engem géif nolafen. Firwat ass dat sou? A matt wéi enger Method kënnt een awer fort? > Ganzen Artikel lesen

Pedelec géint Auto – Eng Course am Beruffstrafic

30.10.16 Den Auto steet am Stau an um Vëlo kënnt een an de Schweess. Den ëffentlechen Transport ass villen ze onflexibel a lues. Mee gëtt et eng gudd Alternativ? > Ganzen Artikel lesen

Wéi verhält een am beschten? Tippen, schreiwen oder just nolauschteren

06.06.16 Handschrëftlech Notize sollen dem Gehir hëllefe beim verhalen. Mee ass dat wierklech sou? De Mr Science huet dat mat 2e Schüler getest. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 02/04/17 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu

Verwandte Themen