Mikro-Dronen: Si mer gläich iwwerall vu fléiende Kameraen ëmginn?

19.04.18

FNRDiesen Artikel drucken
Mikro-Dronen, sou kléng wéi Insekten, gëtt et a Science-Fiction Romaner säit bal honnert Joer. Elo gi se Realitéit! Mr. Science, wisou brauche mer sou kleng Dronen?

An éischter Linn ass et Fuerscher-Éiergäiz. Mee wa se kleng genuch sinn, ginn et vill Uwendungen. Et kéint ee mat hinnen an agestierzte Gebaier no Äerdbiewenopfer sichen. Oder et kéint een se zu Spionage-Zwecker asetzen, andeems een se zum Beispill duerch Loftréier an e Raum fléie léisst…

A geet dat schonns?

Nach net. D’Prototyppe kënne bis elo nëmmen e puer Minutten an der Loft bléiwen oder ginn nach iwwert e Kabel mat Stroum versuergt. Mat der haiteger Technik kommen d’Fuerscher beim Problem vun der Stroumversuergung fir d’éischt net richteg weider. Dofir setzen se elo op richteg Insekten. Déi hunn den Energie-Problem säit Millioune vu Jore geléist a kënnen ëmmer optanken, an dem se iessen. D’Fuerscher versichen, se fernzesteieren.

Wéi soll dat goen?

D‘Fuerscher pechen den Insekten eng Minikamera an en ganz klenge Funkchip un. Vun dem ginn dënn Dréit fort, déi d’Fluchmuskulatur stimuléieren. Dat bréngt allerdéngs de perfekte Flilleksschlag vun den Insekten duercherneen. Dofir versichen se elo, d’Nervenzellen an den Insekten unzesteieren, déi d’Beweegungsoofleef ausléisen. Et kann een sech dat sou virstellen, dass bestëmmten Nervenzellen de Kommando fir méi séier Fléie ginn, anerer dee fir Rietskéieren, an erëm anerer dee fir op der Platz ze schwiewen an sou weider. Dës Nervenzelle muss een allerdéngs genee treffen, dat ass souguer mat rengen Dréit net méi méiglech.

Wéi gi se da vir?

Se schaffe mat Libellen, déi se genetesch veränneren. Doduerch gi gezielt d’Nervenzellen, déi ugereegt sollen ginn, liichtempfindlech gemaach. Et stéiert een d’Libellen da mat Liichtimpulser iwwer Glasfaser.

Verréckt. Déi ganz Elektronik brauch awer och en Koup Energie?

Déi wëllen d’Fuerscher op zwou Aart a Weise hirstellen: eemol mat butzege Solarzellen op dem Réck vun de Libellen oder andeems se versichen Energie aus hire Beweegungen ze gewannen. Dat geet mat opgepechte Piezomaterialien, déi Stroum produzéieren, wa se verformt ginn. Wann se mol bis zouverlässeg funktionéieren, kann een dës Technik dann iwwregens och fir ganz aner Zwecker asetzen, zum Beispill fir Hörapparater oder Häerzschrëttmaacher zu bauen, déi keng Batterië méi brauchen.

Un dës Verbindung hätt ech elo net direkt geduecht!

Dofir bléift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Foto: electronics_360

Auch in dieser Rubrik

Wat maache mat eisem Knascht? Ab an de Weltraum domat – oder?

14.05.18 Mir produzéieren am Moment op der Äerd all Joer iwwer 1 Milliard Tonnen Offall, an et gëtt ëmmer méi. Wouhinner domat? > Ganzen Artikel lesen

Bitcoin a Co.: Zukünfteg Suen?

05.04.18 E puer Leit sinn domat steeräich ginn, vill schwätzen driwwer: mee wat daachen digital Suen wéi Bitcoin? Sinn et d’Suen aus der Zukunft oder nëmmen waarm Lo...> Ganzen Artikel lesen

Wat ass d’Zukunft vun den Elektroautoen?

04.12.17 Brécht eist Stroumnetz mat den Elektroautoen zesummen? > Ganzen Artikel lesen

Virtual Reality: Just fir Geeks, oder eppes fir jiddereen?

12.10.17 D'virtuell Realitéit gëtt ëmmer méi accessibel fir jiddereen. Wat ass et a wat kënnt op eis duer? > Ganzen Artikel lesen

Materialfuerschung: Mat engem Seel bis an de Weltall klammen?

13.04.17 D’Iddi klengt fantastesch, mee munch Experten halen et prinzipiell fir méiglech: Mat engem Seel amplaz vun enger Rakéit an de Weltraum kommen. Wéi ee Seel b...> Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op RTL Radio

all 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Sendung ass vum 19.04.2018.

 
 

Rotoren oder Flilleken?

Dronen-Visiounen

Ferngesteiert Déieren


Verwandte Themen