Moustique kille 60.000 mol méi Leit wéi Haien !

14.04.14

FNRDiesen Artikel drucken

D'Iwwerliewenschance bei enger Attack vun engem wäissen Hai si wuel net grouss. Mee glécklecherweis kënnt dat net dacks fir!

Genee! Et gi just 10 déidlech Hai-Attacke pro Joer. Dat zielt awer leider net fir d’Moustiquen, déi sinn all Joer fir iwwer 600.000 Doudesfäll verantwortlech. Natierlech net, well se dech zerfleeschen, mee well se Krankheete kënnen iwwerdroe – wéi Malaria zum Beispill!

Wéi kann dat da sinn dass mir d’Gefor vun engem Déier spontan esou falsch aschätzen?

Do gi mir vill vun der Gesellschaft an de Medie beaflosst! An zwar net nëmmen a punkto Déieren-Attacken. Fligeraccidenter ginn zum Beispill dacks an de Medien erwähnt. Vill Leit hunn dofir Angscht virum Fléien, obwuel vill méi Leit bei Autosaccidenter ëmkommen! D’Kriminologe kämpfe mat deem selwechte Problem. Spektakulär oder besonnesch schlëmm Mordfäll ginn an de Medie breetgetrëppelt a schockéieren eis natierlech, an dofir menge mer d’Kriminalitéit géif an d’Luucht goen, och wann dat a Wierklechkeet guer net de Fall ass. Eist Gefill fir e Risiko entsprécht also net ëmmer der Realitéit. D’Fuerscher schwätzen hei vun enger sozialer Amplifikatioun vum Risiko!  Mee wéi genee d’Medien an d’gesellschaftlech Verhältnisser eist perséinlecht Gefill fir e Risiko beaflossen, dat ass nach net kloer!

Mee d’Fuerscher bleiwen do bestëmmt um Ball a kënnen eis demnächst vläit méi doriwwer erzielen!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N
 

Auch in dieser Rubrik

Firwat gëtt Cannabis als Medikament agesat?

07.11.16 Bei Cannabis denkt een un Drogen oder de Bob Marley. Ma och Fuerscher interesséieren sech fir dee Stoff – als Medezin. > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Dating?

06.10.16 Wéi laang muss ech op mäin Drampartner waarden? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Kilogramm?

11.02.16 Wisou ziele Fuerscher d’Atomer an engem Kilogramm Silizium? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Vitamin C?

05.11.15 Hëlleft Vitamin C géint de Schnapp? > Ganzen Artikel lesen

Wéi vill Fuerschung stécht am Chinarestaurant?

27.07.15 Glutamat: Et soll Häerzklappen, Kappwéi an Ziddere provozéieren. Mee stëmmt dat wierklech? A gëtt et de „China-Restaurant-Syndrom“ wierklech? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 
 
 

Quellen an zousätzlech Linken

 


Verwandte Themen