Physik vum Vëlo: Firwat een net riicht aus fuere kann!

03.07.17

FNRDiesen Artikel drucken

Riicht aus fueren um Vëlo kann dach jiddereen, oder?!? – Dat géif ee menge mee et ass quasi onméiglech!

Um Vëlo fueren ass e permanente Balanceakt, wou een entweder liicht no lénks oder no riets renkelt. De Vëlosfuerer mécht dës Beweegungen sou automatesch mat, datt hien et net mol méi mierkt. Beim Balancéieren hëlleft awer och d‘Geometrie vum Vëlo, well déi ass sou wäit perfektionéiert, datt e Vëlo, souguer ouni Persoun drop, eegestänneg an der Balance bleift, wann e genuch Schwong huet.

Och wa riicht aus fueren onméiglech schéngt, probéiert de Mr Science trotzdeem eng Method ze fanne fir iwwert ee riicht stolent Seel am Kloterpark ze kommen, ouni erof ze falen. Wéi dat ka goen an ob dat geléngt gesitt dir am Video.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Produktion: RTL

Auch in dieser Rubrik

Kann ee Mënsch mat engem Pabeierfliger fléien?

06.04.18 E klenge Pabeierfliger fale ka jiddereen, mee fir e Modell ze bauen, deen eng Persoun droe kann, ass e opwännege Challenge. De Mr Science huet en ugeholl. > Ganzen Artikel lesen

Héijen Drock mat bësse Waasser

01.03.18 An engem spektakulären Experiment, wat de Physiker Blaise Pascal anscheinend scho virun 350 Joer gemaach huet, léist de Mr Science e Glasballon explodéieren...> Ganzen Artikel lesen

Wéi, a wéi vill soll een en Haus isoléieren?

26.11.17 Wann et bausse richteg kal ass, verléieren net isoléiert Haiser richteg vill Energie! Mee wéi verhënnert een dat am beschten, ouni mat Schimmel geplot ze gi...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee buerféiss iwwer gliddeg Kuelen goen ouni sech ze verletzen?

22.10.17 Säit dausende Joren gi Mënschen bei reliéisen Zeremonien iwwer Kuelen fir sech ze rengegen oder sech ze befreien. Mee ass et méiglech iwwert d’Kuelebett ze ...> Ganzen Artikel lesen

Looping mam Fliger: Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

02.05.17 Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

PISA Wëssensmagazin op RTL Telé Lëtzebuerg

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 02/07/17 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.