Uh, des Erfindung ass praktesch: Teflon - gouf vrun iwwer 70 Joer erfonnt a verhënnert bis haut dass de Büftek eis an der Pan ubrennt.

D’Entdeckung vun Teflon war alt erëm eng Kéier puren Zoufall ! Mee well et eng extrem glëtscheg Substanz war, déi absolut néierens peche bliwwen ass, sinn den Ingénieuren awer séier praktesch Uwennungen  agefall. An zwar haaptsächlech an der Industrie, fir Réiwungen ze verhënneren.

Iwwregens isoléiert Teflon och nach super gutt (Goretex etc.) an d'Kombinatioun vun denen zwou Proprietéiten gëtt z.B. genotzt fir Isolatiounsdecken bei Verbrennungen.

Et huet awer e bësse gedauert bis Teflon de Wee an eis Kiche fonnt huet. E Fransous koum iergendwann op d’Iddi, fir seng Aangelschnouer mat Teflon ze iwwerzéien, fir d’Kniet méi liicht eraus ze kréien. Seng Fra huet hien du gefrot op en hir frëndlecherweis hir Panen an Dëppe kéint domat iwwerzéien, fir dass de Büftek net méi soll ubrennen ! A scho war d’Tefalspan erfonnt !

Text: Corinne Kroemmer, Gerard Wagener

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Killwaasser Benotzen oder verbrauche Rechenzentre Waasser?

Fir net ze iwwerhëtzen, brauche Rechenzentre Waasser. Wat passéiert eigentlech domat? Dat hänkt virun allem vun der Killtechnik an dem Stroummix, deen agesat gëtt, of.

FNR
E-Zigaretten Vapen oder Fëmmen: Wat ass méi schiedlech?

Vapes respektiv E-Zigarette si längst am Alldag ukomm. Mee wéi vill wësse mir eigentlech iwwer dat, wat mir do anootmen?

FNR
Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR