Wéi funktionéiert en Fusiounskraaftwierk?

01.03.17

FNRDiesen Artikel drucken

 

Mr. Science, an der Energiewend gëtt ëmmer méi op Wand, Sonn a Waasserkraaft gesat. Et geet awer och Riets vu Fusiounskraaftwierker. Wei funktionéieren déi?

Am Prinzip funktionéiere Fusiounskraaftwierker ähnlech wéi eng Sonn op der Äerd. Fir déi enorm Energie ze kréie gëtt vereinfacht gesot Waasserstoff-Gas op iwwer honnert Millioune Grad Celsius erhëtzt. Et entsteet sougenannte Plasma. An dem beweegen sech d´Käre vun de Waasserstoff Atomer da fräi … a stoussen oft sou ferm zesummen, dass se matenee verschmëlze kënnen. Hei schwätzt een da vu Kärfusioun vu ganz klengen Elementer. An engem Atomreakter hu mer eng Kärspaltung vu groussen Elementer.

Bei der Fusioun gëtt och enorm vill Energie fräigesat – reng rechneresch kritt een aus engem Gramm Brennstoff sou vill Energie wéi aus eelef Tonne Kuel.

OK dat ass enorm. Mee si Fusiounskraaftwierker da geféierlech?

Soe mer sou – et kann net zu engem Super-GAU komme wéi zu Tschernobyl... Doduerch datt et kee Material gëtt, wat déi extrem Hëtzt aushält, gëtt de Plasma vu Magnéitfelder an der Schwief gehalen, sou datt en net mat de Wänn vun de Behälter a Kontakt ka kommen. Briechen des Magnéitfelder zesummen am Fall vun engem Accident, killt de Plasma op e Coup un der Behälterwand of an d'Reaktioun verläscht.

Am normale Betrib entseet awer och radioaktiven  Offall – allerdéngs strahlt dee vill manner laang, wéi den Offall aus enger aler Atomzentral.

Mee wei – a virun allem wéini – gëtt doraus Stroum?

Nach verbraucht en Fusiounsreakter méi Energie wei en liwwert. E Reakter, deen am Moment zu Cadarache bei Marseille gebaut gëtt, soll dat änneren. Enges Daags soll do 10 mol souvill Energie produzéiert gi wei verbraucht gëtt. Dat ass zimlech ambitionéiert a bis mir Stroum vu Fusiounsenergie an der Steckdous hunn vergi bestëmmt nach 50 Joer.

Auteur: scienceRELATIONS 
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz 
Photo: Wikipedia

 

Auch in dieser Rubrik

Wat ass den “Internet of Things” (a wat hu mer dovun)?

18.04.16 Eis Welt gëtt ëmmer méi vernetzt. An Zukunft sollen all eis Geräter matenee kommunizéiere kënne – an sou eis Liewe méi einfach a méi bëlleg maachen. > Ganzen Artikel lesen

Wat kënne “Wearables” iwwert eis soen?

14.10.15 Apple watch, Google Glass a Co. Déi meescht moossen domatt hir Fitness, mee do stécht awer méi dohanner... Mr Science, wat kënnen dës technesch Geräter iwwe...> Ganzen Artikel lesen

Ass Gentechnik geféierlech ?

28.05.15 Gentechnik ass an Europa nët beléiwt. An anere Regioune vun der Welt sinn se manner skeptesch. Wéi geféierlech ass Gentechnik dann elo ? > Ganzen Artikel lesen

Firwat gouf de Malaysia Fliger nach ëmmer net fonnt?

09.05.14 D’Sich nom Fliger aus Malaysia geet weider! Trotz moderner Technologie: Firwat as et sou schwéier eppes um Mieresbuedem erëmzefannen? > Ganzen Artikel lesen

Wéi funktionéieren eigentlech elektronesch Zigaretten?

22.01.14 Dat ass jo elo den neisten Trend: elektronesch Zigaretten. An de Butteker gesäit een déi an alle Faarwen a Formen ... mee wéi funktionéieren se eigentlech? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun ass vum 1. Mäerz 2017.