(c) belchonock/Shotshop.com

E schützt eis viru Krankheeten a verhënnert eis Reproduktioun: de Kondom. Mee wéi vill Fuerschung stécht am Kondom?

Well d’Leit schonn am ale Griicheland Spaass wollten hunn ouni masseweis Kanner ze kréien, hunn se éischt Kondomer aus Geesseblose benotzt. Ronn 2700 Joer méi spéit, huet den Dokter Fallopio kleng Léngentsäck verkaf fir unzedoen an sech soumat géint d’Syphilis ze schützen, déi d’Séifuerer aus Amerika matbruecht hunn. Well een heiansdo an der Fuerschung op al Iddi zeréckkënnt, huet Mëtt 17. Jorhonnert de briteschen Dokter Contom virgeschloe rëm Déierendeeler, wei Schoofsblinddärm a Fëschblosen als Kondom ze benotzen.

Huet de Kondom wéint dem Här Contom säin Numm?

Jo dat kéint sinn! Sou Kondomer ginn et iwwregens souguer nach haut! Wëll se awer net efficace géint Schwangerschaft a géint Krankheete woren, huet misse weider ausprobéiert a gefuerscht ginn.

OK, mee wéi si mer zu eisem moderne Kondom komm?

1839 koum den Duerchbroch fir de moderne Kondom aus Gummi. Den Charles Goodyear huet d’Method vun der Vulkanisatioun entwéckelt. Hei gëtt de Planzensaaft Kautschuk elastesch a resistent gemaach andeems en ënner Drock iwwert eng gewëssen Zäit erhëtzt gëtt. Soumat konnt en déi éischt Gummi-Kondomer hierstellen, déi dunn 15 Joer drop an d’Masseproduktioun gaange sinn. Si waren 1-2 mm deck an haten eng Längsnout.

Mhh, dat war awer nach net ideal…

Nee, mee e Berliner koum Ufank 1900 op déi genial Iddi e Glaskolben an d’Réigummiléisung ze tauchen. Soumat konnt hien hauchdënn Kondomer ouni Nout hierstellen. Well ee jo awer an der Fuerschung oft no besser Materialie sicht, ass ab den 30er Latex als Material benotzt ginn. De Kondom wéi mir e kenne war gebuer! Ab de 50er koumen dunn och faarweg an opgepeppte Kondomer op de Maart. A virun 19 Joer ass an Amerika de Kondom fir Leit mat Latexallergien aus Polyurethan entwéckelt gi.

Gouf et och Feelschléi an der Kondom-Entwécklung?

Oh jo, dat ass bal ëmmer de Fall an der Fuerschung! An Amerika gouf en short-cap Kondom entwéckelt deen ee just op de Wupp vum beschte Stéck undeet. Well een sou awer net méi géint Krankheete geschützt war a Frae méi oft schwanger gi sinn, war e kee groussen Erfolleg.

A wéi gesäit de Kondom vun der Zukunft aus?

D’Fuerscher schaffen u Kondomer mat antimikrobiale Substanze fir besser viru Geschlechtskrankheeten ze schützen an un engem Biomaterial, dat vun sech aus fiicht gëtt a biodegradabel wier. De Bill Gates huet souguer 100.000$ un d’University of Oregon gespent fir d’Entwécklung vun engem ultra dënne Kondom ze ënnerstëtzen, deen sech dem Droer upasse soll. An op der Uni Georgia Tech sinn zwee Studenten amgaang en digitalen, elektresche Kondom ze entwéckelen dee per Handy gesteiert vibréiere kann.

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © belchonock/Shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR