(c) pixabay

Wéi géing eng Welt ouni Plastik ausgesinn? Armaturebrieder an Autoe wieren aus Holz geschnëtzt. D’Tasten an der Computertastatur wieren aus Horn an eis Komissioune géife mer wéi fréier mat engem Weedekuerf heem droen. Wier eng Welt ouni Plastik net vill méi schéin?

Sou eng Computertastatur mat Tasten aus Horn wier schonn en chic Saach, et wier awer kaum méiglech, Plastik iwwerall duerch Produiten aus der Natur ze ersetzen.

Mee fréier ass et dach och ouni Plastik gaang?

Dat stëmmt, Plastik gëtt réischt säit der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert am grousse Stil produzéiert. Mee virdru gouf et jo och vill Géigestänn net, ouni déi mer haut net liewe wëllen oder se ware vill méi deier. Et muss ee just eng Kéier em sech kucken, wou iwwerall Plastik agesat gëtt.

Ginn dann nach ëmmer nei Plastikszorten entwéckelt?

Haut gëtt virun allem drun gefuerscht wéi ee Plastik rëm zersetze kann. E Grond wisou Plastik sou populär ass, ass gläichzäiteg och säi gréisste Problem: déi gängeg Plastiker halen sech immens laang an zersetzen sech an der Natur net. D’Fuerscher entwéckelen dofir Plastiker, déi ee kompostéiere kann. Fir Verpackunge gëtt et dat schonns. Et kann een se awer net iwwerall asetzen: Heiansdo well ee jo, dass e Plastik besonnesch stabil ass. Et wier net gutt, wann sech zum Beispill Waasserréier oder Gasleitungen op eemol opléise géifen ...

Dat stëmmt. Schaffen d’Fuerscher dann un Léisunge fir dëse Plastik deen sech laang hält ?

Jo, op der enger Säit sichen se Prozeduren, mat deenen ee Plastik méi liicht recycléiere kann an op der anerer Säit sichen se no Mikroorganismen déi Plastik ofbaue kennen.

An huet een der scho fonnt?

E puer vereenzelt Bakterien oder Pilzen déi bestëmmt Plastiker ofbaue kennen, kennt ee schonns. Viru kuerzen huet en chinesesche Wëssenschaftler eng nei Zort vu plastikfriessende Bakterien entdeckt. Si liewen a Mueden, déi hien a senger Poubelle fonnt huet. 

Ihhh… Kéinten sou Bakterien net och geféierlech sinn? Wann se op eemol all eis Plastiksobjete friesse géingen?

Theoretesch schonn. Mee d’Mikroorganismen, déi ee bis elo kennt, zerfriesse Plastik just ganz lues an och nëmme bestëmmten Zorten. Et wier ee scho frou, wann een der hätt, déi Plastiksdréck wéinstens an e puer Jorzéngte fortfriesse géifen.

 

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR