Wikimedia Commons

De Profil vum Autospneu bestëmmt, wéi vill Kamédi den Auto mécht.

Säit e bësse méi wéi honnert Joer hunn Autospneuen e Profil. Hier Surface ass mat Rillen duerchzunn, déi Waasser bei Reen op d'Säit ofleeden. Dat hëlleft géint Aquaplaning, ass awer schlecht fir d'Oueren. Wëll Bei den Autoe sinn d’Pneuen déi Haaptresponsabel fir de Kaméidi.

D'Pneue maache méi Kaméidi wei de Motor?

Jo, do hues de richteg héieren: Schonn ab ongeféier 35 Kilometer an der Stonn sinn d'Pneue vun engem modernen Auto méi haart wéi d'Geräisch vum Motor.

Aha!

Fir den Autosverkéier méi lues ze maachen, ginn d'Pneuen dofir wéi Museksinstrumenter erfuerscht.

Dat klengt awer wäit hiergeholl...

Dat denkt een am Ufank. Mee wann s du dir vun der Säit ukucks, wéi e Pneu op der Strooss läit, da formt en zur Stroossesurface hin eng Aart Triichter, genee wéi eng Trompett. An dëse Schalltriichter verstäerkt d'Geräisch, dat beim Kontakt vum Pneu mat dem Stroossebelag entsteet.

Ok...

An dëst Geräisch entsteet virun allem duerch déi eenzel Bléck am Profil vum Pneu, déi beim Fuere ganz séier hannerteneen op d'Strooss treffen. D'Loft gëtt doduerch a regelméisseg Schwéngunge bruecht an et entsteet en Toun. An dëse gëtt duerch den Triichtereffekt nach verstäerkt. Fir dass d'Pneue méiglechst lues sinn, hunn sech d’Pneuefuerscher dofir en Trick ausgeduecht.

An dee wier?

Wann s de déi nächste Kéier an däin Auto klemms, muss du dir deng Pneue virdru genee ukucken! Dann wäerts de erkennen, dass déi eenzel Profilbléck net exakt selwecht grouss sinn. Doduerch treffen se an engem onregelméissege Rhythmus op d’Strooss op. Sou entsteet keen Toun méi wéi et bei engem regelméissege Rhythmus de Fall wier, mee éischter en Dauschen, dat fir d'Gehéier méi agreabel ass. D'Konscht vun de Profilentwéckeler ass  en Pneueprofil ze entwéckelen, de souwuel méiglecht sécher mee och méiglechst lues ass. Bei engem néie Pneuenmodell sëtzen se do schonns labber e puer Joer drun.

E puer Joer?

Jo. D'Ingenieure sinn dobäi nach op en zweeten Trick komm: Si schneiden de Profil sou, dass d'Kante vun engem Profilblock net direkt ganz op d'Strooss knuppen, mee sech wei e gudde Lafschong ofrullen. Dat ass net nëmme méi lues, mee reduzéiert och gläichzäiteg de Rullwidderstand an domat de Spritverbrauch.

Mr. Science, ab elo gesinn ech Pneue mat aneren Aen!

Ajo, och hei ass vill spannend Wëssenschaft dra verstoppt!

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Dës Sendung gouf den 16.06.2016 opgeholl. 

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR