(c) shotshop.com

Stell ierch fir et geifen keng Wendelen gin! D’Kanner hätten d’Box voll an mir d’Nues! Mee wéivill Fuerschung stecht hannert der Wëndel?

Jo! An zwar ass an eise Wëndelen en Superabsorber dran. Daat dierf een sech lo net wie en saugfähege Schwamm firstellen. Daat wäisst Polver kann zwar och ganz vill Flëssegkeet ophuelen mee wann een et auspresst gëtt et d’Flëssegkeet net méi fräi.

A wéi laang gëtt et des Technologie schon?

Réischt säit den 80er. Ganz fréier hunn Mammen hire Puppelcher a Stoffdicher agewéckelt déi mat Sécherheetsspéngele festgemaach goufen an driwwer ass oft eng Wëllen- oder Gummisbox ugedoe gi fir dass näischt soll erauslafen. D’Wëndelen waren awer net dicht an vill Puppelcher krute Hautausschlag. Dësen Ausschlag koum doduerch dass d’Wëndele sinn net uerdentlech gewäsch ginn an net oft genuch gewiesselt si ginn.

An wei hunn se d’Wëndel dann dunn dicht kritt?

Ma et goufen e puer Techniken ausprobéiert! Duerch gesat huet sech d’Baamwollwëndel mat enger Zellstoff Einlag. Déi war an enger Plastikshousse déi een erofhuelen, a mat Knäpp der Gréisst upasse konnt.

Dat heescht dës Wëndel huet een och nach ëmmer wäsche missen?

Jo! Mee nom zweete Weltkrich haten d’Frae wuertwiertlech d’Nues voll! Si hate keng Loscht méi Wëndelen ze wäschen, si wollten hier Fräiheet genéissen. Eng Wëndel fir den eemolege Gebrauch huet missen hier. Vill grouss Firmen un dëser neier Wëndel gefuerscht. An 1961 ass sou eis Wëndel mam Superabsorber entstan. Déi nei biodegradable Wëndelen sinn iwwregens am Fong eng gutt Iddi, mee leider sinn se e bësse sënnlos wëll een se winnt dem Kacka net dierf kompostéieren.

A wéi geet d’Fuerschung weider?

Ma d’Fuerscher schaffen drun eng Wëndel nach méi dënn an opnahmfäheg ze maachen. Et gëtt souguer un Wëndelen getüftelt déi per agebautem Mikrochip eng SMS schreiwen wann d’Wëndel gewiesselt muss ginn!

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Photo: shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR
Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech z. B. op d'Iessen owes ze verzichten? Fir verschidde Leit schonn, seet de Mr. Science.

FNR
Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR