Steven Depolo

Kann e Blëtz vun 28.000 °C eng réi Mettwurscht an enger Sekonn grillen?

Typesch Fro fir d’Grillsaison: Wat geschitt mat enger réier Mettwurscht, wann de Blëtz dra schléit? Ass se da perfekt gebroden oder total verkuelt?

Ech kréien dës Fro bei quasi all Grillfest gestallt an dofir versichen ech mol eng Äntwert ze ginn! Ech mengen nämlech net, dass schonn e Fuerscher dat do serieux ënnert d’Lupp geholl huet! Do kann ee just kucke wat an ähnleche Situatioune mat Fleesch geschitt, an dann eng Hypothees iwwert d’Mettwurscht opstellen!

Wat wier dann deng Hypothees?

Also, e Blëtz ass jo enorm waarm! Deen huet lacker 28.000 °C! Do kéint ee jo lo spontan mengen d’Mettwurscht misst verkuelen.

Mee looss mech roden: dat ass net esou!

Ech mengen net! Et gi jo reegelméisseg Leit vum Blëtz getraff, an déi hu just ganz siele Verbrennungen. A wann, da sinn se just iwwerflächlech! An zwar well de Blëtz jo just e puer Millisekonnen dauert, an dat geet net duer fir déi enorm Hëtzt op de Kierper ze iwwerdroen!

Mengs de dann d’Mettwurscht géif iwwerhaapt waarm ginn?

E bësse vläit! Zemools wann se um Grill läit oder mat enger metalle Grillzaang a Kontakt ass. Metall ka vill méi séier Hëtzt ophuelen a gëtt och banne Millisekonne méi waarm wéi d’Mettwurscht! An déi Hëtzt kann sech dann och op d’Mettwurscht iwwerdroen, awer nëmmen esou laang bis d’Metall erëm ofgekillt ass. Ech mengen also dass d‘Mettwurscht, wann se um Grill läit an de Blëtz dra schléit, bausse schéi Grillsträife kritt, mee bannendran nach hallef réi wäert sinn!

Et huet also net vill Sënn, sech bei engem Donnerwieder mat der Mettwurscht erauszestellen, an der Hoffnung de Blëtz géif se schéi broden! Weider Informatioune fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Steven Depolo

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Elektresch Spannungen an Entluedunge sinn Deel vun eisem Alldag, sief et während engem Donnerwieder, wa mer eng gewéitscht kréien oder wa mer moies de Stecker vun der Kaffismaschinn amaachen! Och an der Fuerschung ginn elektresch Entluedungen als Technik benotzt, sou zum Beispill am Departement „Science et Analyse des Matériaux“ (SAM) vum CRP-Gabriel Lippmann wou d’Entwécklung an d’Verbesserung vun neie Materialien am Mëttelpunkt steet.

Zesumme mat Industriellen hunn se de Projet „TRASU“ an d’Liewe geruff. An dem Kader kënnen se ganz bestëmmte Kompetenzen (Knowhow an Techniken) entwéckelen déi hinnen et erméiglechen Uewerfläche mat neien Eegenschaften hierzestellen, an zwar andeems se ganz dënn Schichte vun neie Materialien drop fixéieren.

Eent vun hire Fuerschungstheme beschäftegt sech mat elektreschen Entluedungen, déi kënne benotzt gi fir elektrostatesch Materialien op Uewerflächen ze fixéieren: „plasma polymérisation par décharge électrique à la pression atmosphérique“!

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR