Wisou soe munch Léit sou oft ehm oder eh?

22.05.18

FNRDiesen Artikel drucken

Eh, Mr. Science, mir hunn hei eng Fro zum Thema Sprooch. Munch Léit soe jo zimlech oft ehm oder eh, wa se schwätzen. Wouhier kennt dat?

Ehm, eh oder mmmh sinn Hesitatiounslauter. Mënsche maache se, wa se fräi schwätzen an eng kuerz Zäit brauchen, fir sech déi nächste Wierder richteg ze dréinen.

Ass dat normal?

Dat ass komplett normal. Op der enger Säit hëllefen Hesitatiounslauter, eng reegelméisseg Ootmung bäizebehalen. Stell der vir, du géifs bei all kuerzer Hesitatioun mam Schwätzen ophalen, ausootmen an erëm anootmen. Sou munch ee géif do schéin hechelen.

Ehmen an Ehen hëllefen awer och deem dee nolauschtert, fir der Ried besser no ze kommen. Wann s de heiansdo Eh sees, mierkt een, dass de iwwer dat nodenks, wat s de gläich soe wëlls. Et kritt een d‘Gefill: Deen ass bei der Saach. Dat steigert d‘Opmierksamkeet.

A Sproochtraininge gëtt engem awer den Eh ofgewinnt.

D’Heefegkeet vun den Hesitatiounslauter ass entscheedend. Wéineg Ehen maachen d’Ried interessant, mee sou munche Politiker versteet ee viru lauter Ehen kaum nach. Dat soll een da léiwer ewechtrainéieren.

Merci Mr. Science. Ginn mer elo zesummen en Béier drénken?

Ehhh… Munchmol ass en Hesitatiounslaut och eng Indikatioun op dat, wat gläich kennt. Wien eng Aluedung ofsoe muss, dee kënnt an d‘Struewelen. Mee no dem éischten Ehm kanns de eigentlech ophalen ze schwätzen. Jidderee weess Bescheed.

Also et deet mer wierklech leed – mee ech muss nach schaffen.

OK dann eng aner Kéier.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Foto : Pixabay

Auch in dieser Rubrik

Geféierlech Stralen: Wisou kritt ee vun ze vill Sonn Hautkriibs?

20.06.18 Wien sech oft a laang ongeschützt an d’Sonn leet, kann Hautkriibs kréien. Mee wisou eigentlech? > Ganzen Artikel lesen

Wisou kann ee sech u Vergiessenes besser erënneren, wann een net doriwwer nodenkt?

18.04.18 Stonnelaang iwwert eppes Vergiessenes nodenke – a kaum denkt een net méi drun, fält et engem erëm an. Wisou ass dat oft esou? > Ganzen Artikel lesen

Wisou nëmmen ee Kaddo meeschtens besser ass wéi zwee!

30.03.18 Vill hëlleft vill, dat denke vill Leit (an och vläit den Ouschterhues) beim schenken, a pake bei en Kaddo gären nach eng Klengegkeet dobäi. Keng gutt Iddi, ...> Ganzen Artikel lesen

Wanterblues: Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

26.01.18 Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen? > Ganzen Artikel lesen

Hëlleft eng Drëpp géint Keelt?

06.12.17 Wann et engem kal ass, hëlleft eng Drëpp, seet de Volleksmond. Stëmmt dat wierklech? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 

 
 

Ehmen hëllefen deem deen nolauschtert

Wéini soll een trotzdeem eppes géint ze vill Ehmen oder Ehen ënnerhuelen?


Verwandte Themen