© Pixabay

Grille mat Holzkuel bedeit ronn drai mol souvill CO2 wéi Grille mat Gas

Mr Science, haut den Owend gëtt gegrillt. Natierlech mat Kuel, well dat schmaacht mir einfach am beschten. Mee do ginn et der jo och déi, déi op Gas schwieren an des läscht hunn ech en Argument héiere wéi wann de Gasgrill méi klimafrëndlech wier... Stëmmt dat?

De Goût, dee vun engem Holzkuelgrill ausgeet, ass fir vill Leit net ze toppen. Mee dat wats de héieren hues ass richteg. Wann s du deng Kotlett bis perfekt gegrillt hues, ass mat Kuel ronn dräi mol sou vill klimaschiedlechen Kuelendioxid (CO2) an d'Atmosphär komm wei mat Gas. 

Wisou dat dann?

Ma dat fänkt schonn an der Produktioun un. Holzkuel gëtt meeschtens am industrielle Moossstaf produzéiert, an dobäi gëtt d'Holz, fir dass et verkuelt, mat anere Brennstoffer erhëtzt. Dobäi gëtt schonn vill CO2 an d´Atmosphär fräigesat – niewent anere Schuedstoffer. Oft gëtt fir d’Produktioun och Holz aus Länner benotzt, déi keng nohalteg Forstwirtschaft bedreiwen. Do gi riseg Flächen ofgeholzt an näischt amplaz geplanzt.

Jo mee Flësseggas ass jo och net einfach sou do.

Richteg, et ass e Nieweproduit bei der Raffinatioun vun Ueleg oder e kënnt aus der Aerdgasförderung. Wëssenschaftler hunn all d'Schrëtter vum Prozess ënnert d'Lupp geholl – vun der Matière Premiere, iwwert den Transport bis bei d'Erhëtze vum Grill. D'Resultat war: Gas ass méi klimafrëndlech.

Oh neeeee! Wat kann ech da maachen, wann ech trotzdem net op den Holzaroma verzichte well?

Den Ökobilan ass net grad sou fatal, wann s de Holzkuel aus nohalteg ugebautem Holz hëls. Dat erkenns de um FSC-Stempel. Wann s de dann och nach drop oppass, dass de net onnéideg vill Holzkuel verbrenns, ass et nach bësse besser. Mee op den Ökobilan vum Gas kenns de och dann net erun.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldoradio.

Dës Emissioun gouf den 14. September 2016 diffuséiert. 

Aussi intéréssant

Projet de recherche REPAIR Du cordonnier au repair café : comment la réparation et sa pratique ont évolué au fil du temps

Des historiens de l’Université du Luxembourg étudient l’importance sociale d’une activité qui a été largement reléguée a...

Construction durable Construire selon le principe des Lego

Un bâtiment en acier et en béton peut-il être durable ? Les travaux de recherche menés par Christoph Odenbreit, Profess...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR