Luxembourg Science Center

Video Nr.1: Kann ee selwer testen, ob ee sech mam Coronavirus infizéiert huet?

Mir sinn all vun der SARS-Coronavirus-2-Pandemie betraff a sécherlech huet jiddereen, ob Grouss oder Kleng, vill Froen zum Thema. Wéi gutt, dass een haut des Daachs ob bal alles eng Äntwert am Internet fënnt, oder net? D‘Informatiounsflut zum Thema Coronavirus feiert net nëmmen dozou dass fundéiert Fakte verbreet ginn, mee leider och vill Quatsch. Wéi awer mëscht een den Ënnerscheed?

Kuerz Videoe solle beim Anuerdne vun Informatiounen hëllefen

Dofir huet de Luxembourg Science Center elo d‘Coronavirus Mythbusters an d’Liewe geruff. Am Kader vun dësem Projet gräift d´Equipe aktuell Noriichten zum Thema Coronavirus ob an äntwert ob d Fro: Fake oder Fakt? Fir der Saach op de Grond ze goe baséieren d’Team vun de Mythbusters sech op den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft a schaffen an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergeschen an auslänneschen Dokteren a Wëssenschaftler.

Ausserdeem ka jiddereen sech mat senge Froen och direkt un d´Mythbusters wenden, déi sech dann ob d´Sich no enger fundéierten Äntwert maachen (mythbusters@science-center.lu). Dës gëtt da reegelméisseg a Form vu Videoen ob de Facebook an Youtube-Säite vum Science Center verëffentlecht. Den Ament plangt d’Equipe vun de Mythbusters dräi mol d’Woch e Video ze verëffentlechen (op Lëtzebuergesch).

Éischte Video iwwert Selbsttest

An hirem éischte Video ginn d´Coronavirus Mythbusters dem Coronavirus-Self-Test op d´Spuer: Packt een et 10 Sekonne laang den Otem unzehalen ouni ze houschten schléisst dëst eng Infektioun mam Coronavirus aus. Ob dat stemmt? D´Mythbusters hunn d´Äntwert ...hei de Link op de Video (YouTube-Säit vum Science Center). 

Auteur: Luxembourg Science Center
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Wee sinn d’Mythbusters aus dem Luxembourg Science Center?

D’Coronavirus-Mythbusters Team besteet aus de Médiateurs scientifiques vum Luxembourg Science Center zu Déifferdeng. Normalerweis sinn si am Science Center do, fir Eech duerch déi experimentell Statiounen ze begleeden, Eech mat enger spektakulärer Wëssenschafts-Show ze begeeschteren, oder schaffen un neie, spannenden Iddie wéi si d’Welt vun den Naturwëssenschaften engem net-spezialiséierte Public op interaktiv a liicht verständlech Manéiere iwwermëttele kënnen. Wéinst der aktueller Covid-19 Situatioun ass de Science Center awer den Ament zou fir de Public – an sou huet d’Equipe sech geduecht, an där Zäit des Mythbusters-Video-Serie op d’Been ze stellen. D’Wëssensvermëttler aus dem Science Center hu quasi alleguer e wëssenschaftleche Background, d.h. si hu meeschtens eng Naturwëssenschaft studéiert an deelweis souguer Doktorat gemaach.  Vereenzelter vun hinne kommen och aus dem Educatiounssecteur. D´Coronavirus Mythbusters ginn iwwert de PSP-Classic Projet "ScienceAlert" vum Fonds National de la Recherche, Luxembourg (FNR) matfinanzéiert.

Aussi dans cette rubrique

Aperçu des évènements Événements au Luxembourg liés à science - mai 2024

Que se passe-t-il au cours de ce mois ? Voici nos points forts dans le calendrier des événements de science.lu.

Portrait des candidats - Saison 1 Interview avec Polina Kavunenko, finaliste à Take Off

Malgré son jeune âge, Polina a fait preuve d'une détermination sans faille tout au long de l'émission, ne cessant d'impressionner le public par ses ressources. Découvrez notre interview exclusive!

FNR, ALF
Livre luxembourgeois sur la communication scientifique Communiquer la science : mais comment ?

A l'époque de fake news, coronavirus, bulles dans les médias sociaux : Comment, quoi et pourquoi la science devrait-elle communiquer ? Un livre luxembourgeois donne un aperçu de la #SciCom