De Mister Science mécht et vir.

Material

  • Déboucheur, circa 300ml
  • E Glas oder Plastik-Behälter
  • Eng Béchs
  • Eng Schnouer
  • E Bläistëft oder Bic
  • Schläifpabeier
  • Händchen
  • Schutzbrëll

Opgepasst: Dëst Experiment sollt nëmmen mat Schutzhändchen an -brëll duerchgefouert ginn.

Duerchféierung

Fëll den Déboucheur an de Behälter. Pass dobäi op, dass du näischt op d’Haut oder an d’Aen kriss. Dann muss déi iewescht Schicht vun der Béchs mat Schläifpabeier bëssen opgeraut ginn. Wichteg: Maach d’Béchs dann op. Stréck d’Schnouer mat engem Enn um Ëffner fest. Dat anert Enn gëtt um Bläistëft festgestréckt. Elo kanns du d’Béchs an d’Flëssegkeet zappen, sou wéi am Video. Ab elo dauert et ongeféier eng hallef Stonn bis den Aluminium sech opgeléist huet. Du kanns awer tëschenduerch ëmmer erëm checken, wéi wäit deng Béchs scho verschwonnen ass. Wann den Aluminium sech ganz opgeléist huet, da bléift just nach den dënnen, duerchsiichtege Plastik iwwreg, deen d’Flëssegkeet hällt. Deen kanns du virsiichteg mat den Händche fillen.

Prinzip

Eng typesch Béchs besteet haaptsächlech aus dem Metall Aluminium (Al). Wann Aluminium a Kontakt mat der Base Natronlauge (NaOH) kennt, déi am Déboucheur dran ass, da kennt et zu enger chemescher Reaktioun: den Aluminium gëtt opgeléist an et entsteet ee Salz (Na[Al(OH)₄]) an Hydrogen (H2), ee Gas, deen duerch déi kleng Loftblosen ze erkennen ass. E Chemiker géif heifir déi folgend Reaktiounsgläichung opschreiwen:

2Al + 2NaOH + 6H₂O = 2Na[Al(OH)₄] + 3H₂

Wat zum Schluss nach iwwreg bléift ass eng dënn Schicht Plastik, déi net méi lues vun der Base vum Déboucheur opgeléist gett. De Buedem vun der Béchs bléift och méi laang erhal, well hei den Aluminium méi stabill ass.

Iwwregens: D’Béchs gëtt als éischt mat Schläifpabeier behandelt, fir dass déi éischt Schicht  erfo kennt. Ausserdeem entsteet doduerch eng Uewerfläch, déi méi grouss ass a wou d’Natronlauge besser dru kënnt fir ze reagéieren - et geet also bësse méi séier.

Alldag

Am Alldag benotze mir Déboucheur fir verstoppte Réier nees fräi ze kréien. D’Natronlauge am Déboucheur ass eng staark Base déi Hoer an aner ongewollte Saachen aus dem Offloss opléist an d’Rouer esou rëm fräi mecht. Aus deem Grond sollt een och Händchen an ee Brëll unhunn, wann een domat hantéiert. Natronlauge léisst awer och verschidde Metaller op: den Zénk an eben den Aluminium.

Déi kleng Plastiksschicht, déi no der Reaktioun nach iwwreg ass, ass dofir do fir den Aluminium virun der Flëssegkeet ze schützen, déi an der Béchs dran ass. Vill Gedrénks enthalen nämlech Saieren, déi soss och mam Aluminium reagéiere kéinten.

Tipp: Du kanns den Inhalt vun der Béchs virum Experiment och drénken an se da mat Waasser nees opfëllen. Dann hues du ee schéinen transparenten Effekt.

Hei gëss du gewuer, wéi’s du mat Déboucheur an Planzefett eng Seef hierstelle kanns:

Autorin: Lucie Zeches (FNR)
Editoren: Joseph Rodesch, Jean-Paul Bertemes (FNR)

Aussi intéréssant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Science Writing Competition 2021 Pourra-t-on un jour escalader les murs comme Spiderman ?

Pour escalader un mur, les mains d’une personne doivent y adhérer avec une force qui puisse supporter son poids mais ens...

Expérience de Noël Faites apparaître une étoile avec des cure-dents !

Épatez vos invités lors du repas de Noël grâce à cette petite astuce scientifique !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR