Mini Gespensterbiller ka jidderee selwer op all Bildschierm produzéieren. Mee fir sech selwer a Liewensgréisst als live- Hologramm ze reproduzéieren ass bësse méi Opwand.
Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?