Bei der fäkaler Mikrobiota-Transplantatioun, ofgekierzt FMT, gëtt eng Stullprouf vun engem gesonden Donateur - mat enger gesonder Mëschung vu gudde Bakterien - op een erkrankten Empfänger iwwerdroen

Viru kuerzem hunn ech eppes iwwer fäkal Transplantatioun gelies. Dat kléngt jo éigentwéi eekleg. Mee anscheinend kann een domadder Krankheeten heelen, Mr Science?

Bei der sougenannter fäkaler Mikrobiota-Transplantatioun, ofgekierzt FMT, gëtt de Stull vun engem gesonden Donateur op een erkrankten Empfänger iwwerdroen. Am Stull sinn nämlech Millioune kleng Liewewiesen aus dem Daarm – wat d’Fachleit Mikrobiota nennen. Et handelt sech dobäi zum gréissten Deel em Bakterien an déi hëllefen net nëmmen eisen Daarm gesond ze halen, mee eventuell souguer eisem ganzen Organismus – wann dann d’Zesummesetzung vun der Mikrobiota am Daarm stëmmt. Déi ass nämlech bei kranke Leit dacks aus dem Gläichgewiicht geroden. An eng fäkal Transplantatioun kéint hëllefen, se erëm hierzestellen.

Wéi leeft dann sou eng Transplantatioun of?

Dofir muss den Donateur mol fir d’éischt gesond sinn. Dat gëtt iwwerpréift. Da kënnt d’Stullprouf vum Donateur an eng Kachsalzléisung an duerch e Filter. Dat Gemësch fënnt dann zum Beispill iwwert e Lavement säi Wee an den Daarm vum Empfänger. Et kann och iwwert eng Sonde transferéiert ginn, wéi bei enger Daarmspigelung. Et ginn awer och scho Versich, d’Transplantat iwwert eng Sonde duerch d’Nues an den Dënndaarm ze bréngen.

Schema vun enger fäkaler Mikrobiota-Transplantatioun.

Ok…A wougéint soll dat dann hëllefen?

Eng vun den Erkrankungen, géint déi eng FMT Succès versprécht, nennt sech Clostridioides difficile-Infektioun, kuerz CDI. Des gëtt duerch d’Bakteerie Clostridioides difficile provozéiert, déi och am gesonden Daarm liewe kann. Gewënnt si awer d’Iwwerhand – zum Beispill no engem Traitement mat engem Antibiotique, déi hir Konkurrente killt – féieren des Bakterien duerch hir gëfteg Stoffwiesselproduit’en zu schwéierem, ënner Ëmstänn chroneschem Duerchfall. Eng FMT huet sech hei schonn als wierksam erausgestallt. Dat ass besonnesch bei schwéiere Fäll wichteg, déi resistent géint Antibiotique sinn. A bei Patienten, bei deene keng aner Therapie uschléit.

Colitis ulcerosa, eng chronesch Entzündung vum Déckdaarm, ass eng wieder Erkrankung, géint déi eng FMT Wierkung weist. Ob sech domadder och aner Krankheete behandele loossen, gëtt aktuell vu ville Fuerschungsequippen uechtert d’Welt ënnersicht.

A wéi gesäit et mat de Risiken aus?

Där ginn et natierlech och, wéi bei all medezinesch Behandlung. Wann d’Transplantat zum Beispill iwwer eng Daarmsonde agi gëtt, kann et zu Verletzunge vum Daarm mat deelweis seriöe Konsequenze kommen. Ausserdeem ass et extrem wichteg, datt den Donateur grëndlech ënnersicht gëtt. 2019 koum et zum Beispill an den USA zu engem Fall, bei deem zwee Patienten no enger Spend schwéier krank gi sinn. Ee vun hinnen ass souguer gestuerwen. Et huet sech erausgestallt, datt d’Stullspend mat multiresistente Keime belaascht war, no deene bei der Virbereedung kee gesicht hat.

Kann een dat Ganzt dann net einfach syntheetesch produzéieren?

Dorunner gëtt effektiv intensiv gefuerscht. Awer éier een sou wäit ass, muss eng ganz zentral Fro gekläert ginn: Wéi eng Substanzen am Stull sinn et da lo genee, déi therapeutesch wierken?

Sinn et d’Mikroorganisme selwer? Oder sinn et Stoffer, déi si produzéieren? Eréischt wann déi Fro geklärt ass, léist sech de Wee a Richtung vun engem Medikament goen. Bis dat dann an den Apdikte steet, wäerten sech d’Wëssenschaftler nach eng Zäitchen de Kapp zerbriechen. An dofir bleift d’Fuerschung spannend.

Den Universum an eis

Mir Mënsche gesinn eis gär als Kroun vun der Schëpfung; zumindest awer als eegestänneg Individuen. Dobäi si mer genee geholl éischter e Biotop fir Viren an eng Abberzuel vu klengste Mikroorganisme wéi Bakterien a Champignonen. Si hunn all an eisem Kierper hiert Doheem. Si liewen op eiser Haut, an der Nues, am Ouer an am Mond. An natierlech a bal all Wénkel vun eisem Verdauungstrakt. A punkto Mass si mir zwar ganz kloer den Här am Haus (Mënsch 99%, Mikrobiota 1%). Awer bei der Unzuel gesäit et anescht aus. Laut neiste Schätzunge ginn et ongeféier genee sou vill mënschlech wéi net-mënschlech Zellen an eisem Kierper. Iwwer hier Stoffwiesselprodukter kënne déi friem Bewunner groussen Afloss op eisen Organismus hunn. So suergt zum Beispill eng equilibréiert Daarmflora dofir, datt sech keng Keimen usidelen, déi krank maachen. Verschidde vun deene Butze produzéieren dobäi Vitaminnen, déi eise Kierper dringend brauch. Oder si bekämpfen Entzündunge sur place. Ausserdeem ass de Mikrobiot och e wëllkommen Accolite fir eist Immunsystem.

Dir huet wuel een an d’Gehier gesch….

Dës vulgär beleidegend Verbindung tëscht dem Contenu vum Daarm an eisem Denkorgan schéngt tatsächlech eng gewësse wëssenschaftlech Basis ze hunn. Wann och iwwer Ëmweeër. Sou ginn e puer Fuerschungsequippen der Fro no, ob eng Mikrobiota-Spend duerch eng Stulltransplantatioun och Wierkung bei psycheschen Erkrankunge weist. An tatsächlech schéngt de Mikrokosmos, deen an eisem Gedäerms lieft, och Afloss op eist Denken a Fillen ze hunn. Sou fanne Fuerscher an enger Iwwersiichtsaarbecht Indicen, datt sech Symptomer vun Angschtstéierungen an Depressioune reduzéiere loossen. En Effekt, deen awer och an déi aner Richtung ze funktionéiere schéngt: Well wann d’Stullprouf a soumat de Mikrobiot vun engem psychesch Erkrankte stamen, weisen déi gesond Empfänger spéider déi selwecht depressiv oder ängschtlech Symptomer.

Den Daarm op engem Chip

An eisem Gedäerms wimmelt et nëmmen sou vu Liewen. Mikroorganisme produzéieren zum Deel liewenswichteg Stoffer a beaflosse souguer den Immunsystem. Wéi genee dat funktionéiert, gëtt ënner anerem um Luxembourg Center for Systems Biomedicine (LCSB) op der Uni Lëtzebuerg erfuerscht. Ee vun de Virreider op deem Gebitt ass de Paul Wilmes, deen d’Fuerschungsequippe Eco-Systems Biology am LCSB leed.

Zesumme mat senger Equippe ënnersicht de Professor fir Systemökologie wéi sech d’Ernierung, d’Zesummesetzung vum Mikrobiom am Daarm an d’Entsteeung vu Krankheete géigesäiteg beaflossen. Dofir huet hien a seng Fuerschungsequippe e Model vun engem Daarm fir de Labo entwéckelt. Deen net sech  „Human-Microbial X(cross)-talk“, kurz HuMiX, an ass „en Daarm op engem Chip“. Doranner loossen si mënschlech Daarmzellen an Nährléisunge schwammen. Iwwert d’Zesummesetzung vu sou Nährléisungen léisst sech zum Beispill en Zesummenhang tëscht Ernierung an Daarmkriibs erfuerschen.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditrice an Iwwersetzerin : Michèle Weber (FNR)

Auch interessant

Concours national Jonk Fuerscher Welche Auswirkungen hat die Wasserqualität auf aquatische Mikroorganismen?

Können sich organische Dünger auf die Luxemburger Wasserläufe auswirken? Mara Rachel Manieri, Preisträgerin des Wettbewe...

Forschungstrends Fernsteuerung aus dem Darm

Welche Perspektiven ergeben sich aus der Erforschung der Bakteriengemeinschaft auf und im Menschen? Mahesh Desai vom LI...

FNR , LIH
Gesundheit Mikroorganismen - kleine Alleskönner

Sie sind winzig klein und spielen in unserem Alltag doch eine wichtige Rolle: Mikroorganismen. Sie können zum Beispiel ...

FNR , LIST