(c) Shotshop

Vun deenen enge gouf se verdäiwelt, vun deenen aneren an den Himmel gelueft. Dobäi ass et nëmmen eng kleng Pëll. Mee se huet d'Verhütung revolutionnéiert.

Wéi sinn da Fuerscher drop komm, eng Antibabypëll ze entwéckelen?

Dat war en laange Wee. Am Ufank vun 20. Jorhonnert hunn Fuerscher d’Hormonen entdeckt: dat si kleng Moleküllen (also mini Bausteng), déi vill Virgäng an eisem Kierper steieren: Si bestëmmen zum Beispill, wéi séier eis Schanke wuessen, steieren eise Stoffwiessel an eben och de Menstruatiounszyklus. Dofir hu Medeziner versicht, mat Hormone Menstruatiounsproblemer an Onfruchtbarkeet ze traitéieren. Réischt no an no koum d’Iddi, se och als Contraceptif anzesetzen.

Wisou huet dat sou laang gedauert?

Hormone waren immens deier.  Si goufen aus Déiere gewonnen, dat ass awer just a klenge Quantitéite méiglech. D’Chemiker hunn du geléiert, se kënschtlech ze produzéieren. Den Duerchbroch koum am Ufank vun de 50er Joere vum läschte Jorhonnert. De Medeziner war direkt kloer, dass mat den Hormonen de weiblechen Zyklus sou gesteiert ka ginn, dass eng Schwangerschaft onméiglech ass. Mee di éischt kommerziell Hormonpëlle goufen offiziell als Mëttel géint Menstruatiounsproblemer verkaf. Vill Fraen hunn se awer schonn als Contraceptif agesat.  Virun allen aneren hunn Dokteren an den USA d’Pëll als Contraceptif dierften asetzen. Dat war 1960. Vill Frae ware begeeschtert, endlech autodeterminéiert a sécher verhüten ze kennen.

D’Pëll kann awer och Niewewierkungen hunn wéi Migränen, Stëmmungsschwankungen a Schlappheet?

Déi éischt Pëlle waren nach richteg Hormonhummeren, dat ass richteg. D’Fuerscher hunn du versicht, Pëllen ze entwéckelen, di d’Niewewierkunge reduzéieren. Dat ass hinnen och gelongen, a punkto liicht Niewewierkungen. Mee gläichzäiteg ass bei munche moderne Pëllen de Risiko fir ganz seelen awer ganz schwéier Niewewierkungen an d’Luucht gaangen. Well ee Problem hunn d’Medeziner bis haut nach net am Grëff. D’Pëll kann Thrombose verursaachen. Wann sou en Bluttgerinsel an d’Long oder an d’Gehir wandert, kann dat zum Doud oder zu schwéiere Behënnerunge féieren.

Dat ass awer en héije Präis fir eng sécher Contraceptioun.

Allerdéngs. Dowéinst gëtt weiderhin un neie Contraceptiounsmethoden gefuerscht. Der Fuerschung geet d’Aarbecht also ni aus. Dofir ass se jo sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

 

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR