FNR

Ouni unzepaken!

Challenge Nr. 1

Sou séier wéi méiglech e gekachten, geschielten Ee an eng Fläsch, Karaff oder Vas kréien, ouni datt een et mat engem Géigestand erandréckt (an ouni datt et futti geet). Et huet een dofir verschidde Materialer, wéi z. B. waarm Waasser, Äiswierfelen, Fixfeier, an nach e puer aner Saachen. E puer Saache brauch ee vläit guer net, si si just do fir een duercherneen ze maachen. 

Reegelen

  • Déi Equipe/Persoun, déi d’gekachten Ee fir d’éischt ganz an der Fläsch huet, huet gewonnen. 
  • All d’Equippen/Persoune starten zum selwechte Moment. 

Dauer: 10-15 Min

Schwieregkeet: ++

Material a Virbereedung

Pro Persoun oder Equipe: 

  • Gekachten Ee(ër), geschielt. 
  • Eng Fläsch, Karaff oder Vas, idealerweis aus méi déckem Glas, an déi e méi breeden Hals huet, dee liicht méi enk ass wéi den Duerchmiesser vum gekachten Ee. 
  • Pabeier
  • Fixfeier
  • Ganz waarmt Waasser
  • Eng Schossel mat Äiswierfelen
  • Eng Plastikstut
  • Loftballonen
  • Stréihallem
  • Optional: Hännchen
  • Optional: Eeërbecher

Virbereedung: 

  • Äiswierfel preparéieren
  • Eeër kachen a schielen
  • Ganz waarmt Waasser preparéieren (am Wasserkocher oder Kachdëppen)
  • All d’Material prett stellen

Sécherheetshiweiser

  • Oppasse mam Fixfeier. Kanner sollen dës Challenge nëmmen zesumme mat Erwuessene maachen. Een Eemer Waasser bereet halen, fir ze läschen (falls néideg). 
  • Och oppasse mam waarme Waasser, datt ee sech net verbrennt. Am beschten déck Hännchen undoeen, wann ee mam waarme Waasser hantéiert. 

 Léisung an Erklärung

  • Maach de Fläschenhals e bësse mat Waasser naass. Da flutscht d’Ee scho mol besser derduerch!
  • Fänkt e klengt Stéck Pabeier mat engem Fixspoun un a gehei et dann direkt an d’Fläsch, soulaang et nach brennt. Just e brennende Fixspoun geet eventuell och duer. 
  • Setzt d’Ee DIREKT den héije Wee an de Fläschenhals.
  • D’Ee gëtt an d’Fläsch era “gesuckelt”.  

Wéi ass dat méiglech? Duerch d’Pabeier oder de Fixspoun deen an der Fläsch kuerz brennt gëtt d’Loft an der Fläsch liicht erhëtzt. Duerch déi Hëtzt ginn d’Moleküllen an der Loft méi wäit ausernee gedréckt an e puer entwutschen och tëscht dem Ee an dem Fläschenhals. Wann d’Feier an der Fläsch ausgeet, killt d’Loft an der Fläsch erëm of. Doduerch entsteet an der Fläsch wat d’Wëssenschaftler e „partielle Vakuum“ nennen. Konkreet heescht dat: D’Moleküllen an der Loft réckelen erëm méi no zesummen a maache Plaz fir neier. Normalerweis géifen déi nei Molekülle vun ausserhalb der Fläsch erakommen, awer well d’Ee  an der Ëffnung stécht geet dat net! De Loftdrock vu baussen üübt esou e groussen Drock op d’Ee aus datt et an d’Fläsch eragedréckt gëtt. 

  • Nom selwechte Prinzip kann ee probéieren d’Ee mat Hëllef vu ganz waarmem Waasser an enger Schossel mat Äiswierfelen an d’Fläsch ze kréien. Dofir spullt een d’Fläsch fir d’éischt eemol mat ganz waarmem Waasser aus a stellt se dann direkt an eng Schossel mat Äis. Wann een d’Fläsch mat ganz waarmem Waasser ausspullt erhëtzt d’Loft sech an dehnt sech aus, an entwutscht deelweis aus der Fläsch. Wann een dann direkt d’Fläsch an eng Schossel mat Äis stellt, killt d’Loft erëm of an et entsteet erëm e partielle Vakuum an der Fläsch. Et geet och ouni Äis, deen Ament d'waarm Waasser just e bësse méi laang an der Fläsch loossen, an et dauert e bësse méi laang bis d'Ee era "gesuckelt" gëtt.

Challenge Nr. 2: Wéi kritt een d’Ee erëm eraus?  

Mat demselwechte Material probéieren d’Ee erëm aus der Fläsch erauszekréien, ouni datt et futti geet. 

Léisung an Erklärung

  • Druddel eng dënn Plastikstut an d’Fläsch, sou datt een Enn vun der Plastikstut nach aus der Fläsch erausluusst. 
  • Hal d’Fläsch schif an dréi se e bëssen, sou dass d’Ee e bëssen an d’Tut agewéckelt gëtt. 
  • Zéi d’Ee mat Hëllef vun der Plastikstut aus der Fläsch eraus. 

Dëst ass eng reng mechanesch Léisung. D’Ee wat an der Plastikstut agewéckelt ass gëtt esou ganz douce aus der Fläsch erausgezunn.

Et gëtt awer och nach eng Léisung, déi am Fong dat ëmgekéiert mat der Loft an der Fläsch mécht wéi de Fixspoun oder Pabeier dee brennt. Hal dofir däi Mond iwwert de Fläschenhals a blos eng Kéier fest an d’Fläsch. Doduerch geet de Loftdrock an der Fläsch an d’Luucht. D’Ee sollt dann aus der Fläsch an däi Mond sprangen an du kanns et eraus „suckelen“. 

An dësem Video gëtt d'Léisung mat der Plastikstut gewisen.

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by science.lu (@science_lu)

 

Alternativ

Et kann ee fir des Challenge och amplaz vun engem gekachten Ee e klenge mat Waasser gefëllte Loftballon huelen. Et muss ee just e bëssen ausprobéiere, datt de Loftballon déi richteg Gréisst fir den Duerchmiesser vum Fläschenhals huet. Da just vläitcht en Torchon oder Handduch prett halen, falls de Ballon platzt. Oder d’Challenge dobausse maachen. 

De Loftballon kritt een iwwregens och mat engem Stréihallem erëm aus der Fläsch eraus. Einfach de Stréihallem tëscht Loftballon a Fläschenhals stiechen, sou dass Loft aus der Fläsch eraus kann an da kann een de Loftballon um Knuet erauszéien.

Auteur: Michèle Weber
Éditeur: Joseph Rodesch
Video : Linda Wampach & Melanie Reuter (FNR)