FNR

An dësem Experiment weist de Mister Science wéi een e Loftball mat enger Orangëschuel zum Platze bréngt. 

Fir dëst Experiment brauchs de just eng Schuel vun enger Zitrusfruucht an e Loftballon. Blos de Ballon op, komm mat der Schuel bei de Ballon an dréck emol kräfteg op d’Schuel. Bannen e puer Sekonne wäert de Ballon wéi vu Geeschterhand platzen. 

Erklärung 

Wann een eng Orange oder eng aner Zitrusfruucht schielt, richt een e schonn: den äthereschen Ueleg Limonen. Dëse a gëtt virun allem als Doftueleg benotzt, mee et ass och eng Flëssegkeet an där ee Saachen opléise kann. Naturkautschuk ka sech net a Waasser opléisen mee am Limonen. Wann de Limonen mam Ballon a Kontakt kënnt, frësst dësen e Lach an de Ballon bis e platzt. De selwechten Effekt kann ee mat Bensinn erzielen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR