FNR

Video vum Experiment

Infobox

Zäit

5 min (fir des Variant, et ginn awer nach weiderer, do kann ee sech méi laang ameséieren)

Material
  • Kaddospabeier (am beschte gebrauchten)
  • Schéier
  • Tesa-Film oder Pech
  • Stëft
Schwieregkeet

Einfach

Duerchféierung

E Möbiusband léisst sech ganz einfach mat engem rechteckege Stéck (gebrauchten) Kaddospabeier bastelen. An eisem Video ass d’Stéck Kaddospabeier ongeféier 15 cm laang an 3 cm breet. Form ee Réng aus dem Kaddospabeier an dréi dann awer een Enn em 180 Grad  op d’Kopp a pech et da mat Pech oder engem Stéck Tesa-Film fest. Du kriss esou ee Réng deen eemol verdréit ass.

Zeechen dann eng Mëttellinn um Möbiusband mat engem Stëft, déi eemol ganz ronderëm geet (der Längt no). Du wäerts mierken, datt s Du de Stëft ni ophiewe muss an awer erëm do raus kënns, wou’s de mat dengem Stëft ugesat has.

Wann s de elo d’Möbiusband an der Mëtt duerchschneits (also un där Mëttellinn, déi’s de mam Stëft gezeechent has), da kriss de ee méi laangt Band, wat zweemol verdréit ass an zwou Säiten an zwou Kanten huet (also kee Möbiusband méi ass).

Wat geschitt, wann s Du dat méi laangt Band elo nach eemol an der Mëtt duerchschneits? Probéier et aus!

Prinzip

E Möbiusband huet nëmmen eng Säit an eng Kant (anescht wéi een normale Réng, deen zwou Säiten an zwou Kanten huet). Mam Kaddospabeier dat op enger Säit faarweg ass an op där anerer Säit net gesäit een dat gutt. E Möbiusband kann een dowéinst net orientéieren, d.h. et kann een net soe wou uewen, ënnen, bannen oder baussen ass. An der Mathematik nennt een dat eng „nicht orientierbare Mannigfaltigkeit“.

Alldag

D’Möbiusband ass net nëmme fir Mathematiker interessant. A Fabrécke ginn et z.B. Fliissbänner, déi wéi e Möbiusband opgezu ginn. Sou gëtt d’Fliissband vun alle Säite gläichméisseg ofgenotzt.

Zwee Wëssenschaftler hunn d’Möbiusband Mëtt vum 19. Joerhonnert onofhängeg vunenee quasi zur selwechter Zäit entdeckt a beschriwwen. De Mathematiker an Astronom August Ferdinand Möbius, no deem d’Möbiusband och benannt ass, an dem Mathematiker a Physiker Johann Benedikt Listing-

Tipps

Wann der Loscht hutt weider mat Möbiusbänner ze experimentéieren, da kuckt emol hei.

Text & Video: Michèle Weber (FNR)
Musek: Sleigh ride interpreted by Rook1e

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR